HUSKY Injection Molding Systems

HUSKY Injection Molding Systems

Am Kader vum Sponsoring vun 2 Uniformen fir eis U14G an U17G hat eise Sponsor Husky vun Diddeleng  eis invitéiert op eng Visite vun hirer Fabrick.

De Samschden 29. Abrëll war et dann esou weit an mär sinn mat net manner wei 50 Léit vun Husky frëndlech empfaangen ginn, ënnert den 50 Léit waren eis U14G, U17G, U17F, Traineren,  Memberen vun der Jugendkommissioun an och vum Comité.

Visite hat ugefaangen mat enger Powerpoint Presentatioun vun der Firma an mat ganz interessant Erklärungen wat Husky iwwerhaapt Weltwäit mëscht. Esou si mer ënner anerem gewuer ginn dass all 3 vun 4 Plastiksfläschen déi mer alldeeglech benotzen vun enger Husky’s Maschinn gemaach ginn ass ! Mär hunn och verschidden Beruffer erkläert kritt an deenen Si Léierjongen an Léiermeedercher sichen.

Dono konnte mer eng interessant Visite maachen vun den verschidden Ateliéen wou Produktioun voll am lafen war. Hei hunn mer gesinn wei déi verschidden Eenzeldeeler vun de Maschinnen gebaut, an dann och zesummen gesat ginn, esou dass dorausser dann eng Maschinn entseet déi an iergendenger Fabrick op der weltweit dann Fläschen mëscht.

Um Enn vun der Visite hat Husky eis all op eng gutt Lasagne an hirer flotter Kantin invitéiert.

Eis Veräin ass och felicitéiert ginn fir déi gutt Disziplin vun eisen Jonken an och fir dat Interessi wat Si matbruecht hunn.

Mär wëllen op dësem Wee eisem Sponsor Husky och nach eemol e groussen Merci soen fir deen flotten an interessanten Moien!

HBD e Liewensgefill!

 

EFX_2725ccefx_2079ccDSC_9923cc20170304U14 0091efcc20170416 YC17-6G005cc

Attachment

DSC_9923cc EFX_2725cc efx_2079cc