Fir säin virbildlechen benevollen Asatz iwwert Joerzéngten as den Nico Meyer, Comitésmember vum HBD, vun der Gemeng Diddeleng geéiert ginn.
Niewent der Caisse déi den Nico bei all Heemmatch vun eisen Seniorsequippen mëscht an soss verschidden Aufgaben am Comité, wëssen déi meescht Léit net dass den Nico bei ALL Heemmatch och den Arbitteren hir Indemnitéiten bezilt, dat heescht dass de Nico déi lescht Joerzéngten béi all Heemmatch an der Hal war fir déi Aufgab ze iwwerhuelen.
Dat as en immensen an wichtegen Asatz fir den HBD, an mer soen dofir:
Villmools Merci Nico!














