De Joe geet op Gummersbach…..

De Joe geet op Gummersbach…..

..fir e Probetraining an der Handballakademy vum VFL Gummersbach !

Zu dëser gudder Nouvelle hunn mer dem Joe e puer Froen gestallt :

 

Salut Joe,

Du gees Ufank’s Februar e puer Deeg op Gummersbach, kanns de mer soen wisou ?

Vir en Probetraining an dann gëtt gekuckt op ech gutt genuch sinn vir an Handballschoul ugeholl ze ginn.

Wat bedeit dat fir dech do op Testtraininger ze goen, an wei ass de Kontakt zustane komm mam VFL Gummersbach ?

Et ass eng grouss Éier vir mech , Chance ze hunn bei esou engem Traditiounsveräin unzetrieden . Den Kontakt ass duerch Erwin Reinacher , Chef vun Scamix , zustane komm.

Wat bedeit dat fir dech dass den HBD dech doranner ënnerstëtzt deng Chance am Ausland ze sichen, obwuel’s du jo och bei eis am Réckraum gebraucht gëss ?

Et freet mech dass den HBD esou hannert mer steet an mer keng Steng an den Wee leet . Natierlech wäert et och schwéier ginn vir mech wann ech den HBD géif verloossen.

Wei sollen deng Deeg dann elo oflafen zu Gummersbach bei  den Tester ?

Ech hunn zwee Trainingen wou gekuckt op ech besser sinn wei déi zwee Réckraumspiller déi schonn do sinn an et gëtt en medezineschen Test gemaach op ech fit genuch sinn.

Wann’s de Chance kriss fir an der Handball Akademie opgeholl ze ginn, wei wäert dann déi Liewen dohannen ausgesinn, hues de dozou schonn Informatiounen ?

Mäin Liewen wäert sech nach méi em Handball dréinen . Ech ginn dovunner aus dass ech bei ongeféier deem selwechten Trainingspensum bleiwen , just nach méi intensiv an nach méi spezifesch op den Handball geriicht.

Wei geet et dann schoulesch weider ?

Ech wäert dann dohannen mäin Abi machen, wat ech allerdéngs iwwert zwee Joer kann mann well ech jo esou vill net gesinn hunn an eis Fächer an den Schoulen alles op franséisch ass.

Wat soen dann deng Elteren dozou ?

Menger Mamm géif et besonnesch schwéier falen säin Klengen goen ze loossen , mee mäin Papp an meng Mamm stinn hannert mer an ënnerstëtzen mech esou gutt et geet.

Wann et elo net sollt klappen, bass de dann net ze vill enttäuscht ?

Et ass natierlech eng gewëssen Enttäuschung dann do , mee kann mer dann herno net virgeheien dass ech net probéiert hunn.

Nach e puer Froen zu där selwer :

Déi Gebuertsdatum?

3 November 2000

Deng Mossen ?

1.95 m an 85 kg

Eng Frëndin ?

Jo

Liiblingsiessen an Gedrénks ?

Alles wat meng Mamm kacht. Drénken am léifsten Cola an Sprite mee heiansdo däerf eng Béier awer och net feelen.

Liiblingsfaarf ?

Blo an wäiss!

Wat wëlls de eemol berufflech maachen ?

Mathesproff  ginn.

Liblingspositioun um Terrain ?

Réckraum lénks.

Léiwer Verteidegung oder Ugrëff?

Béides, Haaptsaach ech stinn um Terrain an kann der Equipe hëllefen!

Hues de e Virbild ?

Den Dominik Klein ass mäin Virbild wéinst senger Ausstralung an sengem Elan um Terrain mee sinn och impressionnéiert vum Nikola Bylik deen aus jonken Spiller esou wichteg ass vir den THW Kiel.

Niewent den Hären spills de jo nach bei den U21, wou däin Brudder Ben Trainer ass. Wéi ass dat vum eegenen Brudder an Matspiller trainéiert an gecoacht ze ginn ?

Mär mëscht dat näischt aus während den Trainingen an Matcher ass et méin Coach an herno ass et erëm mäin Brudder.

Wisou Handball ?

Mäin Papp huet Handball gespillt , mäin Brudder spillt also war ech vun klengem un an der Hall an mam Handball an Verbindung.

Deng Carrière bis elo?

Ech sinn bis elo ganz zefridden mam Verlaf an hoffen dass et esou laang nach net fäerdeg ass.

Hues de nach aner Hobbyen wei Handball ?

Mat Kollegen eppes ënnerhuelen an Playstation spillen.

Wat war däin flottsten Moment am Handball ?

Den Doublé Gewënn 2016 an Youth Cup Final 2014.

Wat war däin schlëmmsten Moment am Handball?

Meng 2 verschossen 7 Meter bei der Youth Cup Final 2014.

Beréits de eppes ?

Am Fong net .

Du bass och nach Arbitter, wei ass et dozou komm ?

Ech war Jeune Arbitre an esou sinn ech och dozou komm den Examen ze maachen.

Mécht der dat och Spaass ?

Jo mëscht mer schonn Spaass soss géif ech et och net maachen.

Wat bedeit den HBD fir dech ?

Den HBD ass eng Famill vir mech, wou jiddereen vir jiddereen do ass!

Wat ass fir dech dat wichtegst am Liewen ?

Famill , Handball , Frënn .

Wat wëlls de no denger aktiver Carrière am Handball maachen ?

Villäicht nach méi héich päifen goen oder eng Carrière als Trainer ufänken.

Wann e jonkt Kand bei dech kennt, an dech freet wat et maachen soll fir emol  däin Niveau ze kréien, wat äntwers du him ?

Et soll op all Training 100 % ginn an vir den Handball liewen . Natierlech och ëmmer den Traineren nolauschteren ,  an sech vum näischt erof zeien loossen mee ëmmer drun gleewen an schaffen besser ze ginn.

 

Mär wënschen der Alleguer dass de de Schratt bei en Profiveräin packs, an wann net ass béi es souwisou ëmmer eng Platz fir dech do !

 

Merci Joe !

 

20171209 H1 018lrDSC_4194DSC_4212

P100098220170415 YC17G 008cc20170415 YC17G 013cc20170416 YC17-6G005cc 20170416 YC17-6G004cc

efx_2035ccefx_1271ccefx_1196ccefx_1218ccef5_8178cc20160227 U17 Coupe de Luxembourg 2016-D50F179720160117 Handball All Star Basharage 2-D50F805920160117 Handball All Star Basharage 2-D50F7992EF3_7162pr

 

 

Attachment

20171209 H1 018lr DSC_4212 DSC_4194 20170415 YC17G 013cc 20170415 YC17G 008cc efx_2035cc efx_1271cc efx_1218cc efx_1196cc ef5_8178cc 20160227 U17 Coupe de Luxembourg 2016-D50F1797 20160117 Handball All Star Basharage 2-D50F8059 20160117 Handball All Star Basharage 2-D50F7992 EF3_7162pr