HBD MEGAEVENT: Training fir en gudden Zweck!

HBD MEGAEVENT: Training fir en gudden Zweck!

Éischt Hären-Equipe hat de Sonnden eis  U13 Meedercher, U14 Jongen, U17 Meedercher an U17 Jongen invitéiert fir mat hinnen zesummen  ze trainéieren an e flotten Dag ze verbrengen.

Moies ass sech zesummen mat engem flotten Spill waarm gelaf gin an dono  sinn  verschidden Atelieren gemaach ginn wou eis Hären den Jongen an Meedercher verschidden Techniken an Triker bäibruecht hunn.

Mëttes ass d’un zesummen giess ginn an no enger klenger Paus sinn dunn nach flott  Matcher gespillt ginn.  Vill Elteren  an Frënn vum HBD sinn fir dee flotten Dag och an den Hartmann komm.

Fir Iessen an Gedrénks hat, wei ëmmer, eis Jugendkommissioun gesuergt, an am HBD-Shop sinn gedroen Kleeder vun eisen Spiller verkaf ginn.

Dat ganzt war och nach fir e gudden Zweck an all gesammelten Cent vun deem Dag geet un t’Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent!

Villmools Merci un all déi Léit déi esou e flotten Dag méiglech gemaach hunn an e speziellen Merci un eis Éischt Hären-Equipe mat un hirer Spëtz den Kapitän Tommy Wirtz deen déi gudd Idee heizou hat !

 

20180204 HBD 002 20180204 HBD 001PROJET KRIIBSKRANK20180204 HBD 003

Attachment

20180204 HBD 003 20180204 HBD 002 20180204 HBD 001 Rückseite Rückseite Rückseite PROJET KRIIBSKRANK