De Joe Schuster war beim VFL Gummersbach!

De Joe Schuster war beim VFL Gummersbach!

De Joe war 2 Deeg  zu Gummersbach fir Tester ze maachen fir an Handball Akademie vum VFL Gummersbach anzetrieden.

De VFL Gummersbach ass bekanntlech en Traditiounsveräin deem seng éischt Equipe an der Bundesliga spillt!

Niewent e puer intensiv   Trainingen mat de Spiller vun der U23, ass de Joe och schoulesch getest ginn. De Joe ass och mat de Spiller vun der Akademie iessen gaangen fir sech  kennen ze léieren.

Hien ass ganz gutt vun de Spiller an vum Staf opgeholl ginn.

Och waren Gespréicher um Programm mam Maik Pallach dem Responsabelen vun der Akademie.

No den Aussoen vum Maik Pallach huet de Joe e ganz gudden Androck gemaach an e géif gutt an d’Equipe passen.

De Joe ass nach eemol vum VFL invitéiert ginn fir vum 23. Bis den 27 Abrëll eng ganz Woch mat den U23 ze trainéieren, dono gëtt dann déi definitiv Decisioun geholl wat Zukunft vum Joe betrefft.

 

2018-02-05-PHOTO-00000201

Attachment

2018-02-05-PHOTO-00000201