R.I.P. Camille Gira

R.I.P. Camille Gira

FLH.LU

D’Lëtzebuerger Handballfederatioun an déi gesamt Lëtzebuerger Handballwelt ass an déiwer Trauer.

Haut huet eis d’Nouvelle getraff, dass eise fréiere President vun 2008-2013, de Camille Gira, eis vill ze fréi verlooss huet. De Camille huet zu eiser Handballfamill gehéiert an huet mat ganz vill Engagement versicht an de Jore vu senger Presidence den Handball ze promouvéieren. Hien war bis zum Schluss der Federatioun an dem Handball déif verbonnen, an seng Ënnerstëtzung fir eis Nationalequipe war ëmmer grouss.

De Camille wäert eis feelen, als Gespréichspartner a kompetenten Handballenthusiast. Mir drécke senger ganzer Famill eist häerzlechst Bäileed aus.
Camille rou a Fridden.
#mirsinnhandball #mirsinntrauereg

 

E grousse Mann huet eis verloos.

Ganz Famill vun HB Dideleng dréckt dem Camille Gira senger Famill an sengen Frënn eist häerzlechst Bäileed aus.