LOKEREN Cedaillon Cup

LOKEREN Cedaillon Cup

Den HBD war mat dréi Equippen an mat sëllechen Elteren op Lokeren gefuer fir um Cedaillon Cup deelzehuelen.

Eis Equipe vun den U13 Meedercher haten en schwéieren Stand well se entweder géint Jongen gespillt hunn oder géint U16  Meedercher, si hunn sech awer super aus der Affär gezunn an 2 flott Deeg zesummen erlieft!

U14 Jongen kennen dat Turnéier schonn gutt vun de leschten Joren, si hunn et an Final gespackt wou se och nach déi éischt Halschent  nach fir waren, dun huet sech Middegkeet ageschlach an si hunn zum Schluss leider verluer. Et muss een och wëssen dass 4-5 U14 Jongen och permanent bei den U17 gehollef hunn. 

Eis U17 Jongen sinn direkt nom 2 Match duerch 2 Verletzungen geschwächt ginn, woubäi et awer fir een Spiller weider gaangen ass. Si kruten all Match gutt Ënnerstëtzung vun eisen U14 Spiller an hunn et och an Final gepackt. Hei hunn se mat nëmmen 9 Goaler géint déi belsch Nationalequipe verluer.

Merci un Trainer an déi Benevole déi sech em Jongen an Meedercher déi 2 Deeg gekëmmert hunn an un déi vill Supporteren déi se gutt ugefeiert hunn !

Super Leeschtung !

HBD eng grouss Famill !

 

Lokeren U16u14GPHOTO-2018-07-02-11-41-47

PHOTO-2018-07-02-15-34-39 PHOTO-2018-07-02-15-34-13 PHOTO-2018-07-02-15-33-47 PHOTO-2018-07-02-15-32-54 PHOTO-2018-07-02-15-32-14

Attachment

PHOTO-2018-07-02-15-34-39 PHOTO-2018-07-02-15-34-13 PHOTO-2018-07-02-15-33-47 PHOTO-2018-07-02-15-32-54 PHOTO-2018-07-02-15-32-14 PHOTO-2018-07-02-11-41-47 Lokeren U16 u14G