Mär soen MERCI!

Mär soen MERCI!

Mär soen MERCI!

Elo wou d’Saison esou lues mä sécher zum Enn kennt wollte mer eisen Léit e groussen MERCI soen.

Ugefaangen mat eisen aktiven Meedercher an Jongen, Damen an Hären fir  déi flott Matcher déi se eis gebueden hunn, an fir hiren Asaz um an niewent dem Terrain.

De Merci geet  awer och un hir Trainer déi erëm bewisen hunn dass mat vill Engagement an der néideger Formatioun si all eis Kanner weider bruecht hunn.

Weider geet et mat den Offiziellen an Arbitteren, ouni si och keen Match gespillt kéint ginn.

En groussen MERCI och un eis onermiddlech an ëmmer präsent Jugendkommissioun, et gëtt keng Aktivitéit am HBD wou si net engagéiert sinn, BRAVO!

Och en MERCI un eis aner Comitéen, sief et den Youthcup Comité, de Coupe d’Europ’s  Comité oder den 24 Stonnen Comité, si entlaaschten an ënnerstëtzen immens  mat hirem Asaz  de Comité.

MERCI och un Memberen vum Comité fir déi et leider ni eng Paus gëtt, no der Saison ass bekanntlech virun der Saison !

Mär wëllen awer och der Gemeng, dem Service des Sports mat de Portieren MERCI soen, mär ginn vill verwinnt zu Diddeleng !

Dee leschten Merci geet un eis Memberen an Supporter, dorënner natierlech och eis Sponsoren.

Ouni eis Memberen an Supporter hätte mer net déi flott Stëmmung an eiser Hal, an eis Dammen, Hären an eis Jugendequippen konnten ëmmer op är Ënnerstëtzung zielen.

Ouni eis Sponsoren kéint en sou groussen Veräin wei den HBD net  op deem Niveau spillen an esou gutt Jugendspiller (innen) weider Chance ginn fir sech an den Seniorsequippen ze etabléieren. Et as immens wichteg dass mer Sponsoren hunn déi sech béi eis laangfristeg engagéieren an eis déi néideg Réckendeckung ginn fir dass mer all zesummen eis Zieler ereeschen kennen.

Och nächst Saison brauchen mär all är Ënnerstëtzung.

Mär wäerten eis net vun eisem Wee erofbréngen loossen, nämlech op eis eegent Jugend ze setzen an eis just gezielt ze verstäerken, och wann mer et vun eisen Géigner, déi deen Wee leider net ginn, net méi einfach wäerten gemaach kréien.

MERCI IECH ALL !

HBD EN LIEWENSGEFILL !

HBD ENG GROUSS FAMIL