Jugendaarbecht am HBD – Saison 2017-2018

Jugendaarbecht am HBD – Saison 2017-2018

Hei fannt där Informatiounen iwwert déi lescht Saison vun eisen Jugendtrainer an der Aarbecht déi se mat hiren Equippen gemaach hunn.

En grousse Merci un eis Trainer fir hiert Engagement an hier virbildlech Aarbecht !

 

 

U7 Mixt – Trainer Franky Hippert an Claudine Peter

Claudine an ech hunn iwwert ganz Saison probéiert den Accent  op den Spaass ze leen! Trotzdeem hunn mer niewen béi awer un hirer Koordinatioun, Tempo an Ballgefill geschafft!

Et war eng super Saison! Mier hunn fill gelaacht an Kanner och! An dat ass mengen ech den Grond wisou mer iwwer ganz Saison ëmmer nei Kanner bäikritt hunn!

EF4_3231-1

U10 Mixt – Trainer Sam Spirinelli – Romain Fogen – Gledis Kryeziu

Bei eiser U10 hunn mer e Grupp vun iwwert 20 Kanner déi 2x Woch en Handball-Training an 1 x Woch Méiglechkeet ob e fräiwëllegen Koordinatiounstraining haten.

Um Training hunn mer probéiert de Kanner den Handball spilleresch méi no ze bréngen. A Phasen vun  6 bis 8 Wochen hunn mer un engem Thema geschafft. Den Opbau  vum Training bestoung, aus dem Opwiermen, dem Haaptdeel, an dem cool down wou mer eis Thema dann als roude Fuedem duerchgezunn hunn.  Mir hunn oft a Gruppen geschafft fir Kanner e bësse méi Individuell kennen ze fuerderen.

All zweet Woch  hunn mer mat 4-6 Ekippen ob engem U10 Tournoi deelgeholl. Mir als HBD hunn do ob all Tournoi wou mer waren déi meeschten Ekippen gestallt. 

Als Ofschloß waren mer mat de Kanner um Beachhandball wou si um Sand nei Erfarungen maache konnten. Mir waren och am Pizza-Hut an hunn eis gutt verwinne gelooss.

Den 03.07 haten eis Kanner e flotten Ofschloss an Centre Hartmann mat ville Spiller an engem Zauberer, dofir wëlle mir dem Veräin an Haaptsächlech der Commission des Jeunes e grousse MERCI soen.

U10M

 U12 Jongen – Trainer Gledis Kryeziu

Ma Saison ass wei viraus gesinn gelaf..

Mär haten en klenge Kader, an missten heiansdo op eis U13 Meedercher zielen well d’Géigner eis iwwerleeën waren. selwer ma der Equipe war et interessant ze trainéieren well et vill nei Spiller waren déi villäicht säit 1-2 Joer Handball spillen. En deel vun hinnen hunn en grousse Schratt gemaach an sinn besser ginn, wat mir un Wisi an um Beach gemierkt hunn. Spiller hunn Efforten gemaach an hier bescht ginn! 

Mär  huet et Spaass gemaach  U12 ze coachen och wann et ustrengend an vill Nerven kascht huet 😜

Ech soen der U12 Merci vir dës Saison :)

U12G

U13 Meedercher – Trainer Kim Wirtz – Sharon Dickes

Des Saison hunn mir alles een nom aneren gemaach. Am Ufank hunn mer hinnen emol bäibruecht richteg an den Intervalle opzezéien an dobäi ass och nach komm, dass mer hinnen bäibruecht hunn wei een mat engem Pivot spillt. Mir hunn mat hinnen och den 1vs1 besser geüübt, well se do och Schwieregkeeten haten. Wou mer Basis mol hannert eis haten, hunn mer hinnen dann och gewisen wei een Kräizungen mëscht, d’Mëtt mat der Hallef an d‘Hallef mat der Mëtt.
Vue dass mir wärend der Saison vill Meedercher bei kruten, haten mir eis och opgedeelt fir deenen Neien dann och Basis nach eng kéier bei ze bréngen.
Dann relativ zum Schluss vun der Saison hunn mer hinnen nach en System bäibruecht, den Hollänner, deen si relativ schnell geleiert hunn an deen dann och um leschten Match super geklappt huet.

U13F

U14 Jongen –  Trainer Marc Köller an Mireille Schuster

 Super, Merci, weider sou…

 Et war eng laang an intensiv Saison 2017/18. 

Wou d’Spiller sech net nëmmen individuell, mee virun allen als Team sech weiderentwéckelt hunn.

No der 1. Phase vum Championnat wou mir mat 2 gläichstaarken Equippen fonctionnéiert hunn, ass am Abrëll deen 1. Highlight fir déi jonk Spiller komm. 

An enger interessanter a spannender Final hunn U14 sech géint Bierchem an der Coque duerchgesat.  

Nodeems mir eisen 1. Titel gebuerent gefeiert hunn, huet déi 2. Phase vum Championnat op eis gewaart. Eise gréissten Schwéierpunkt am Training war Defense, well si an de Matcher einfach ze fein sinn an net genuch upaken. Natierlech hu mer och un der Attack an um 1 géint 1 trainéiert

 D’Championnat sollt dëst Joer an engem Final 4 Turnéier zou Diddeleng ausgespillt ginn.

Eis Jongen waren voll fokusséiert fir och den 2. Titel mat op Diddeleng ze huelen. Nodeems mär den HB Esch an der Halleffinall eliminéiert hunn, huet de Géigner erëm Bierchem geheescht. An U14 huet gewisen dass si dëst Joer net schloen sinn.

 Duerno hu mer nach de Wisi an de Beach mat all Kéiers 2 Equippen gespillt, a beim Wisi hu mer et esouguer fäerdeg bruecht fir 1. an 2. Platz ze maachen. Um Beach si mer 1. an 5. ginn.

An zu gudder Lescht si mer dann um internationalen Turnéier zu Lokeren 2. ginn.

Wann d’Spiller vun der U14 weider sou un sech schaffen, wäert den HBD mat hinnen nach vill Spaass an Erfolleg hunn.

Marc a Mireille

A elo ass Vakanz !!!

U14G

U17 Meedercher – Trainer Franky Hippert

An der Saison 2017/2018 hunn ech, Franky Hippert mat fill Hëllef vum Rosa an vum Tommy, mat den U17 Meedercher geschafft!
Mer hunn souwuel un den eisen individuellen Stäerkten an Schwächten , wei och un eiser kollektiver Geschlossenheet geschafft!
Dat ass och den Grond wisou mer dëst Joer en Titel mat heem geholl hunn,well mer eng richteg Equipe sinn!

U17F

U17 Jongen –  Trainer Heng Mauruschatt:

U17 Jongen ass eng Kategorie vun 3 Joergäng , am Ufank vun der Saison huet een emol missen oppassen dat den jéngsten Joergang net ze vill iwwerfuerdert ginn ass ,well de physeschen Ënnerscheed einfach ze grouss war! Mär haten zwar 4 Trainingsunitéiten awer bedéngt duerch déi verschidden Kaderspiller hunn déi zwee Trainingen um Ufank vun der Woch etlech Spiller ëmmer gefeelt! Sou dat mer méi am Athleticsberäiich an individuell geschafft hunn. Iwwert déi ganz Saison waren et Héichten an Déiften an der Equipe huet et einfach un der Konstanz gefeelt. Zum Enn vun der Saison am « Final four » huet Equipe dunn awer gewisen dat se eng homogene Equipe ginn ass , an huet mat zwee schéinen Matcher Saison awer nach positiv ofgeschloss! Bei all Spiller huet een eng Verbesserung gesinn, déi talentéiert Spiller hunn awer sécher méi Potenzial fir sech weider ze entwéckelen. Um Enn wäerten awer nëmmen déi Spiller weider kommen déi sech op den Handball an nëmmen op den Handball kënnen konzentréieren!

U17G

U21 Jongen –  Trainer Ben Schuster (ënnerstëtzt vum Erny Hoffmann):

Ech hunn sou gutt wei méiglech probéiert dem Nikola seng Spillweis vun den Hären an d’U21 ëmzesetzen mat klengen Ännerungen. Dobäi goung et vill em Tempo, eng haart Verdeedegung an taktesch Disziplin.

U21