U18 Roud Léiwen !

U18 Roud Léiwen !

Den Diddelenger Trainer  Dan Ley an dräi vun eisen Jongen, Joe Schuster, Alessio Avallone an Ojié Etute  sin mat der U18 an Georgien geflunn fir un der Men’s 18 EHF Championship 2018 deel ze huelen.  Mär wënschen der Equipe an speziell eisen Jongen Bonne Chance an dass se all onverletzt zeréck kommen !

Communiqué de Presse vun der FLH

De Mëtteg géint 4 Auer sinn eis jonk rout Léiwen um Findel a Richtung Tiflis gestart, wou si vum 10. bis 19. August um Men’s 18 EHF Championship 2018 deelhuelen.

Am ganze spillen si do 7 Matcher géint Géigner ewéi Estland, Färöer Inselen, Litauen, Mazedonien an d’Schwäiz.

Am Grupp A treffen si e Freideg  10. August um 13:00 Auer an hirem éischte Match op d’Färöer Inselen.

D’Tabell mat de Matcher fannt dir um Site vun der EHF iwwert folgende Link www.2018tbilisi.com.

Dir kënnt all d’Matcher och am Livestream verfollegen iwwert www.ehftv.com/int/livestream-schedule.

De ganze Lëtzebuerger Handball dréckt eiser U18 fest d’Daumen.

 

Eis Lëtzebuerger international Arbitterkoppel Linster Philippe an Rauchs Alain si bei deem selwechten Turnéier am Asaz. Och hinnen wënsche mir bonne Chance.