24 ON THE FLOOR ….ASCHREIWUNGEN !!!!!

24 ON THE FLOOR ….ASCHREIWUNGEN !!!!!

De 24. November organiséieren den HBD an den T71 zesummen déi éischt Editioun vum « 24 on the floor ».
Während engem Dag stinn am CSRH den Handball an de Basket am Mëttelpunkt.
Scho mëttes ass jiddereen invitéiert eis Jugendequippen an deenen 2 Halen z’ënnerstëtzen.
Owes ab 18h00 stinn da mat den Dammen- an Härematcher vum HBD an T71 déi éischt Héichpunkter um Programm.

Dat grousst Highlight as dann owes ab 22h30 eist Spaass-Turnéier « 24 on the floor ».
Hei ka jidderee matmaachen. All Equipe (min. 5 Spiller) trëtt dobäi souwuel am Handball wéi am Basket un.
Mueres géint 3h00 wärte mer da wësse ween sech am beschte geschloen huet!
Fir Animatioun, Musik, Iessen a Gedrénks wäert natierlech déi ganz Nuecht duerch gesuergt sinn.

 

D’Aschreiwunge fir den « 24 on the floor » starten haut!

 

Wann s du Loscht hues eng flott Nuecht mat Sport a Party ze verbréngen, da mell dech elo mat denger Equipe un a komm de 24. November op Diddeleng.
Samschdes owes um 22:30 geet et lass a gespillt a gefeiert gëtt bis um 3:00 moies.
All Equipe besteet aus mindestens 5 Matspiller(innen) an trëtt souwuel am Handball wéi och am Basket un

 

Fir dech unzemelle, brauchs du just eng Mail mat dem Numm vun denger Equipe a mat enger Kontaktpersoun un 24onthefloor@t71.lu ze schécken.
Du kriss da vun eis eng Confirmatioun, dass du ageschriwwen bass.
Awer opgepasst: Déi éischt si vir, also waart net ze laang!

First come, first served!

 

Evénement « 24 on the floor » – Inscriptions à partir d’aujourd’hui

 Avez-vous envie de passer une nuit sportive et animée à Dudelange (au hall sportif René Hartmann / Foos Grimler) ? Alors inscrivez-vous et votre équipe à la première édition du « 24 on the floor » qui aura lieu samedi, le 24 novembre 2018.   

 La soirée débutera à 22h30 et prendra fin vers 03h00 le matin.

 Chaque équipe – comprenant au moins cinq joueurs / joueuses – doit se mesurer si bien au basket qu’au handball.    

 Pour finaliser votre inscription, veuillez envoyer un mail indiquant le nom de votre équipe ainsi qu’une personne responsable à 24onthefloor@t71.lu.

 Après votre inscription, vous recevrez une confirmation de notre part.

 Attention, ne tardez pas ! Les places sont limitées.

24onthefloorLogo

Attachment

24onthefloorLogo