24 ON THE FLOOR M E R C I !!!!

24 ON THE FLOOR          M E R C I !!!!

Mär wollten all deene Leit déi dozou bäigedroen hunn, dass déi éischt Versioun vum « 24 on the floor » sou e grousse Succès war – op an niewt dem Terrain – nach emol e riesegrousse MERCI soën!
Den HBD an den T71 hu fir dësen Event gutt zesummegeschafft, an et wier flott wa mer dat an Zukunft widderhuele kéinten!
Dofir nach emol e MERCI u béid Comitéeë fir d’Ënnerstëtzung, béid Jugendkommissioune fir dat flott Angebot vun Iessen a Gedrénks, all d’Leit déi de Comptoir während a virun allem no de Championnatsmatcher gemeet hunn, an dëst bis spéit an d’Nuet respektiv de Mueren eran!
MERCI natierlech och dem Fotograf Erni, dem ganze Gemengepersonal, dem DJ an all de sëllege Leit déi als Arbiter dofir gesuergt hunn dass all 50 Matcher reibungslos iwwert d’Bühn gaange sinn!
Sécherlech war net alles perfekt, a mir bleiwen oppe fir all Kritik. Dofir loosst eis déi roueg op 24onthefloor@t71.lu zoukomme fir dass mer an Zukunft nach puer Detailer verbessere kënnen.

Den Organisatiounscomité

 

JKHBD-2 JKT71-1 Bene-2 Action-7 Action-5 Action-4 Action-3 Action-2 Action-1

 

EFY_9636 EFY_9632 EFY_9626 EFY_9537 EFY_9606 EFY_9595 EFY_9592 EFY_9580 EFY_9506 EFY_9512 EFY_9530 EFY_9539 EFY_9550 EFY_9554 EFY_9501 EFY_9491 EFY_9482 EFY_9476 EFY_9469 EFY_9462 EFY_9449 EFY_9446 EFY_9439

Attachment

EFY_9636 EFY_9632 EFY_9626 EFY_9606 EFY_9595 EFY_9592 EFY_9580 EFY_9554 EFY_9550 EFY_9539 EFY_9537 EFY_9530 EFY_9512 EFY_9506 EFY_9501 EFY_9491 EFY_9482 EFY_9476 EFY_9469 EFY_9462 EFY_9449 EFY_9446 EFY_9439 JKT71-1 JKHBD-2 Bene-2 Action-7 Action-5 Action-4 Action-3 Action-2 Action-1