Championen, Doublé an Triplé-Gewenner !
Net manner wéi 5 vun eisen Equippen hunn dës Saison mat engem Championstitel, engem Doublé an esouguer mat engem Triplé clôturéiert!
Eis U13 Meedercher gewannen och déi 2. Final géint Käerjeng an huelen esou 3 Titelen mat op Diddeleng:
Coupegewënner – Gewënner vum Interregional an Champion vu Lëtzebuerg !
Wat eng Leeschtung !
Bravo Meedercher!


Eis U15 Jongen hunn och 2 Titelen gewonnen, niewent dem Champion sinn se och de Gewënner vum Interregional !

Top Leeschtung Jongen, Bravo !
Mär soen och dem Mireille an de Sam villmools Merci fir hiert Engagement als Trainer iwwert déi lescht Joren. Si hunn decidéiert hir Trainerschlappen emol einstweilen op den Nol ze hänken. Si bleiwen awer dem Veräin als Member vum Youth Cups Comité an och vum Comité erhalen !
Merci un Iech Zwee !

Eis 2. Hären hunn et och fäerdeg bruecht den Doublé op Diddeleng ze bréngen !
Bravo Männer, dat ass och eng Top Leeschtung !
Mär soen hei och dem hirem Trainer dem Sandro Merci fir dat gutt Encadrement an dee gudden Coaching. De Sandro huet decidéiert sech aner Aufgaben am Comité ze widmen an mecht esou eng Paus als Trainer !

Eis 2. Dammen hunn de Play-Off op der éischter Platz ofgeschloss an kennen esou de Champion féieren !
Felicitatioun !

Am leschte Match vun der Saison loossen eis U19 dem Standard keng Chance an huelen sech den Titel vum Champion vun Lëtzebuerg !
Bravo un Jongen !
