Stéphane Mina – neien Dammentrainer fir Saison 2019-2020

Stéphane Mina – neien Dammentrainer fir Saison 2019-2020

De Stéphane Mina gëtt ab nächster Saison eisen neien Dammentrainer, hien huet sech fir 2 Saisoen engagéiert.

De Stéphane ass an Frankräich wéi zu Lëtzebuerg am Handballmillieu keen Onbekannten, huet en dach schonn Dammen vum HBD an Hären vun de Redboys trainéiert.

Des weideren huet de Stéphane zu Folschvillier d’Härenequippe esou wei beim Smec Metz och d’Härenequippe trainéiert déi béid an der  N1 gespillt hunn. Sein leschten Trainerposten waren U18 Jongen vun Metz déi am Champinnat de France gespillt hunn.

De Stéphane  ass Titulaire vum Brevet d’Educateur Sportif, Entraineur Niveau national, wat dem Niveau A entsprécht.

Wëllkomm zeréck am HBD Stéphane!