🔹Fazit vum Weekend 🔹
.
.
Éischten Heem Match fir des Saison gewonnen, éischten Auswäerts Match verluer.
.
.
En Freiden Owend konnte mir eis mat 37 op 34 géint de Bevo HC aus Holland duerchsetzen.
Eng gutt éischt Halschent huet eis erlaabt eng Avance vu 6 Goaler eraus ze spillen. No der Paus, huet Bevo dunn opgedréint, an duerch onnéideg Ballverloschter, schnell erëm de Score ausgeglach. No 10 Minutten hunn mir den Rhythmus vun der éischter Halschent erëm fonnt a gewanne schlussendlech mat 3 Goaler Differenz.
.
.
Samschden hate mir dann en klengen Trip a Belsch gemaach.
Bei jidderengem huet sech de Match vun en Freiden a Kombinatioun mat der Rees bemierkbar gemaach, sou dass ma ganz éischt Halschent dem Score hannen drun gelaf sinn. Duerch eng méi aggressiv Defense an engem gudde Mika Hermann am Goal, hunn mir peu à peu de Score konnte verkierze kennen a verléiere mat bësse Pech 29-28.
.
.
Et gëtt nach vill ze verbesseren, mais dofir bléift eis jo nach e bëssi Zäit bis zum Optakt den 13. September géint d’RED BOYS!
.
.
Weider geet et de 24/08 mam Match zu Saarbourg an de 25/08 am Hartmann géint Initia Hasselt aus der Belsch ⭕️.
.
.
HBD – E Liewensgefill 🔵⚪️
B.P. 10
L-3401 Dudelange
Fax : +352 27 51 04 33
contact@hbd.lu
HB Dideleng
Clubs affiliés à la FLH













