Tenax Dobele – HBD

Tenax Dobele – HBD

Och eisen 2. Match géint Tenax Dobele hun mer leider verluer op 4 Goaler.

Virun méi wéi 1000 Léit hunn eis Jongen alles gin an  Si sinn Kapp héisch aus Lettland erëm op Lëtzebuerg komm.

Dei éischt Halschent war Dobele kloer déi besser Equipe an eis Spiller waren schnell mat  4 Goaler am Réckstand. Hiren Goalkeep huet

gutt gehalen an esou si mer mat 14-9 an Paus gaangen.

An der Zweeter Halschent huet eis Equipe vill besser gespillt an hunn Goal fir Goal opgeholl. Bei 22-21 ass et dunn ganz roueg an der Hal ginn, mä leider hunn eis dee Moment d’Arbitteren net grad gehollef an mer hunn 2 kloer 7 Meter net gepaff kritt. 

Och wann mer déi 2. Halschent 15-14 gewannen konnten ass de Match zum Schluss awer mat 28 – 24 verluer gaangen.

No enger laanger Réckrees sinn eis Jongen  och all gesond erëm Heem komm!

Merci och un déi puer Supporteren déi de Wee op Dobele gemaach hunn fir eis Jongen z’ënnerstëtzen !

HBD e Liewensgefill !