Power- an Handballcamp 2019 zesummen mam THW Kiel

Power- an Handballcamp 2019 zesummen mam THW Kiel

 

Wärend 4 Deeg hunn eng Ronn 60 Kanner an de Allerhellgevakanz um Power- an Handballcamp deelgeholl.

2 Trainingen pro Dag stoungen um Programm wou eis Kanner vun Traineren vum THW Kiel betreit goufen. Déi goufen awer och vun Traineren vum HBD ënnerstëtzt, déi déi Geleeënheet genotzt hunn nei Saachen ze léieren.

Am Handballcamp stoung de Spaass am Virdergrond, niewent villem spillen war awer och Turnen, Koordinatioun an Beweegen mam Ball um Programm.

Beim Powercamp ass méi Leeschtungsorientéiert trainéiert ginn, niewent villen flotten Handballsübungen gouf awer och vill Athletik, Koordinatioun, Schnellegkeet an Kraaft trainéiert. Ofwiesselnd sinn  eis

Spiller spezifesch an der Verdeedegung an am Ugrëff geschoult ginn.  Natierlech huet och de spezifeschen Training op den Eenzelpositiounen net gefeelt an dobäi sinn eis Goalkeeper béi neien spezifeschen Übungen gefuerdert ginn.

En grousse Merci un all eis Sponsoren, Benevoller, HBD Trainer, Trainer vun Kiel an natierlech un eis Spiller an Spillerinnen, déi eis mat hirer Begeeschterung, Freet un der Beweegung, Motivatioun an Laachen weider motivéieren schonn un den nächsten Camp ze denken.

 

Eis Sponsoren bei deem Event :

Restaurant Gigi L’Amoroso
Restaurant Amarcord
Anonym
LIDL

Villmools Merci fir är generéis
Ënnerstëtzung !

EF6_3367 r EF6_3366 r

PHOTO-2019-11-07-10-00-20

IMG_4754 IMG_4755 (1) IMG_4759 IMG_4760 IMG_4763 IMG_4772 IMG_4773 (1) IMG_4774 IMG_4775PHOTO-2019-11-04-12-12-58

Attachment

PHOTO-2019-11-04-12-12-58 IMG_4754 IMG_4755 (1) IMG_4759 IMG_4760 IMG_4763 IMG_4772 IMG_4773 (1) IMG_4774 IMG_4775 PHOTO-2019-11-07-10-00-20 EF6_3367 r EF6_3366 r