Message vun eisen Hären

Message vun eisen Hären

Keen Youthcup, d’Saison färdech, d’Fête de la Musique ofgesot.. Et sinn Noriichte déi all Diddelenger Häerz bludde léist, an enger Zéit wou et fir keen dobausse einfach ass!

Probéieren mär puer positiv Saachen eis virun d’Aen ze haale.
Fir 3ten Kéier hannerteneen konnten mir eis des Saison iwwert den Anzuch an de Final Four an der Coque freeën. Mat der Wäertung vun der FLH, schléisse mär des Saison op der 3ter Platz of an sinn domat fir d’Coupe d’Europe qualifizéiert.
No Up & Down’s, besonnesch ufanks der Saison, hunn mir eis lues zeréck gekämpft an sinn gemeinsam als Equipe opgetrueden, mam Ziel iech Supporter ze begeeschteren. Aspekter déi positiv ervir ze hiewe sinn des Saison an eis Mutt an Hoffnung fir Zukunft kenne ginn!

Trotzdeem duerchleeft eisen Veräin, wei och all aneren Club aus der Gemeng Diddeleng, eng nach ni do gewieschten Situatioun, an keen weess sou richteg wei fir nächst Zéit ze plangen ass!

Dofir loosst eis solidaresch sinn, probéieren mär eis Sponsoren ze ënnerstëtzen an deem mir lokal akafe ginn, respektéieren mär d’Mesuren vun der Regierung an der @villedudelange an loosst eis déi Saachen erëm appreciéieren, déi virum Virus villäicht nach selbstverständlech ware, fir zesumme méi staark, méi responsabel an virun allem Gesond aus dëser Kris eraus ze kommen!

HBD – e Liewensgefill 🔵⚪️#schéinouschteren#bleiwtgesond#märdiddelengerbleiwendoheem#handballdideleng#liewensgefill