Neiegkeeten vum Tommy

Neiegkeeten vum Tommy

Mär hunn emol nogefrot wéi et dem Tommy geet, elo wou seng Virbereedung am gaangen ass bei de Rimparer Wölfe aus der 2. Bundesliga, wou den Tommy en Profikontrakt ënnerschreiwen huet.

 

Wei geet et der an fills de dech net ze midd elo wärend der Virbereedung ?

De Moment geet et mer ganz gutt. Natierlech ass Virbereedung ëmmer eng Phase wou Middegkeet an och Muskelkater eng bestëmmten Roll spillen, mee do muss een alt derduerch. 

Wei bass de bei de Wölfen opgeholl ginn als „klengen Lëtzebuerger“ ?

Equipe, den Trainerstaff an den Virstand hunn mech bis elo super opgeholl. Mer léieren eis ëmmer besser kennen an si sinn och zimmlech oppen. Ausserdeem gesinn si mech net als klengen Lëtzebuerger mee als eng Bant déi hinnen sou gutt wei et geet hëllefen soll an doriwwer sinn ech frou.

Ass Virbereedung ze vergläichen mat där bei eis oder bei Saarlouis ?

Nee, et ass eppes ganz aneschters well et alt professionell ass. Bal all Dag zwee mol Training mat enger gréisser Intensitéit. Hei dréint sech alles nëmmen em Handball an et gëtt dofir gesuergt, dass een déi bescht Konditiounen dofir huet.

Wei ass de medezineschen Encadrement ?

Mir hunn e Betreier an e Kiné, déi all Dag um Training fir eis do sinn falls mir e klenge Bobo hunn oder nach aner Saachen. Dobäi kennt nach dass eisen Equippedoctor seng Praxis an der Staat huet wou mer Méiglechkeet hunn dohinner ze goen wéini mir wëllen. De Moment mussen mer egal wei all Donneschden an seng Praxis well mer all Woch op den COVID-19 getest gi.

Hues de dech schonn un däin Profi-Statut gewinnt ? Elo gëtt jo och méi vun där verlaangt ?

Nee net wierklech, ech wäert mech och ni sou fillen. Ech wäert probéieren mäin Bescht ze maachen an dat ëmzesetzen wat vun mir verlaangt gëtt.

 Ziel eis emol wei däin Alldag als Profi ofleeft, du langweils dech jo bestëmmt vill 😉 ?

Mäin Alldag ass den Moment ganz einfach. 7h00 Wecker, dann ginn ech zu Fouss gemittlech bei den Bäcker mäin Kaffi sichen. Dono fueren ech an t’Staat fir an eisen Fitnesscenter, trainéieren ongeféier 2 Stonnen an ginn dono nach bëssen akafen. Nom Iessen ginn ech dann bei den Kiné an loossen mech behandelen. Dono ass Raschten ugesot ier ech um 17h00 rëm prett muss bei der Hal stoen. Dann trainéieren mer momentan just 1h30 wéinst dem Covid-19 an dono gëtt sech eng Stonn laang ausgerullt an gedeent. Owes gëtt gekacht oder ech ginn mir eppes sichen, bëssen Tele an dann gëtt geschlof vir muer rëm um 7h30 prett am Fitness ze stoen.

Vermëss de schonn eppes aus der Heemecht ? Bass de elo stänneg zu Rimpar/Würzburg oder kenns de reegelméisseg Heem ?

De Moment paken ech et nach well ech heiansdo nach Weekends Heem kommen kann. Mee an 2 Wochen ass dat och erëm fäerdeg well dann Weekends schonn Frëndschaftsmatcher ufänken.

Deng Profiscarrière geet jo elo richt un, mä kanns de eisen Jonken schonn e Message mat op de Wee ginn wann se wëlles hunn och eemol Handballprofi wëllen ze ginn ?

Setzt Iech en Ziel, gitt ni op well mat vill Aarbecht, Training an déi richteg Astellung kann een alles areechen am Sport.

Hues de villäicht nach e Message fir HBD Famill?

Ech wënschen dem HBD nëmmen dat Bescht fir Zukunft an dass deen gäilsten Veräin an dësen schwéieren Zäiten erëm op Been kënnt. Ech vermessen meng HBD-Famill schonn heiansdo an ech freeën mech Iech all eng Kéier erëm ze gesinn.

 

Merci Tommy !

Mär wënschen der vill Erfolleg op dengem néien Wee an dass de gesond an onverletzt bléifs !

 

 

116199610_3403364233018338_755156222445947929_o 116274601_3403364166351678_7015630197870358222_o 116252705_3403355323019229_7480360474234062710_o 108594073_3370339392987489_9008401551110166227_o 108733543_3370372022984226_1587744480239247430_o 109234708_3370371982984230_7470631902264680555_o

Attachment

116199610_3403364233018338_755156222445947929_o 116274601_3403364166351678_7015630197870358222_o 116252705_3403355323019229_7480360474234062710_o 108594073_3370339392987489_9008401551110166227_o 108733543_3370372022984226_1587744480239247430_o 109234708_3370371982984230_7470631902264680555_o 87890160_3022610044427094_8514908509840605184_n