ALEKSIEJ SZYCZKOW

24
  • Born (age)

Interview mam Alex:

 

Du bass gebuer: 25.02.1984
Nationalitéit : Polnesch ( an der Ukrain gebuer )
Däin Etat Civil : Ech si gepacst an ginn nächst Joer ginn ech bestuet.
Deng Mossen : 182 cm, 84 kg.

Liiblingsiessen: russesch Pelmieni, polnesch Żurek an letzeboiesch Gromperekichelche
mat Apel Kompott.


Liiblingsgedrénks: Waasser awer och puer verbuedenen Gedrénker :-)


Liiblingsfaarf: natierlech BLO


Deng Carrière am Handball :
1997 – 2000 polnesch Junior Mannschaft CZUWAJ PRZEMYŚL
2000 – 2008 WISŁA PŁOCK polnesch Ligue
2008 – 2012 NIELBA WAGROWIEC polnesch Ligue
2012 – 2014 HANDBALL KÄERJENG
2014 – bis lo HBD

Hues de e Virbild ?

Meng Mamm war eng immens gutt Profi Handballspillerin. Si war,
ass, an bleift mäin Virbild am Handball.


Wifill Matcher hues du fir Nationalequipe gespillt?

Eigentlech keen, ech hatt nidéi richtegen Nationalitéit.


Firwat hues du mam Handball ugefaangen?

Mäin Liewen war ëmmer fir de Sport. Am
Ufank war ech Schwëmmer awer  nodeems ech  an Polen geplënnert war, hat ech  keng Schwämm méi fir ze trainéieren. Dowéinst hun ech aner Sportaarten  probéiert, wéi Pingpong, Football, Basket an Handball,  Handball war awer déi coolsten Sportaart.

 


Hues du nach eng aner Leidenschaft wei den Handball?

Natierlech. Ech spillen gären Tennis, Basket, Pingpong. Vëlofueren oder schwammen, dat maachen ech och gären. Ausser Sportsaktivitéiten,  liesen ech och gären e Buch oder kucken gären Filmer.
Däi gréissten Erfolleg?
* 5 mol polnesche Champion.
* 3 mol polnesche Coupegewënner
* 5 mol EHF Champions League Participant
* 2 mol lëtzebuergeschen Champion
* 1 mol lëtzebuergeschen Coupegewënner
* AWER MEI GRÉISSTEN ERFOLLEG ASS MÄIN KAMPF GÉINT MENG KRANKHEET LESCHT JOER ANN DEEN ECH BIS ELO GEWONNE HUNN!

Deng schéinsten Erënnerung?

Sportlech ech hatt schonn puer Erënnerungen.
déi Puer Titelen Déi ech gewonnen hun an och puer richteg wichteg Matcher déi ech gespillt hun. Awer wanns de méi al gëss, kucks de méi op aner Saachen. All kéiers wann mäin Team gutt spillt an gewënnt, dat ass eng gutt Saach fir sech dorunner ze erënneren.

Beréits de eppes ?

Nee, ech bereien näischt. Meng Astellung ass dass mer guer keng Zäit hunn fir ze bereien, dowéinst probéieren ech ni iwwert esou Saachen nozedenken.


Wat ass dat wichtegst fir dech am Liewen?

Meng Famill, meng Fra an hir Famill, Gesondheet.


Wat bedeit den HBD fir dech?

Responsabilitéit, Kampf, Passioun, Nei Challenge, Grouss Famill.


Wat wëlls de no denger aktiver Carrière maachen?

Do sinn vill Saachen déi ech maachen well, awer dat behalen ech fir mech. Ech probéieren net ze weit ze denken.
Wann e jonke Spiller dech freet wat een maachen muss fir um héchsten Niveau
ze spillen, wat äntwers du him ?

Ech soen him datt hien muss alles maachen datt
hien ëmmer 120% dobäi ass, awer ech soen och dat  net einfach ass an kascht vill. Hien awer muss datt wierklech wëllen sos ass et verlueren Zäit.

 

Merci Alex !

 

Leave a Comment

(required)

(required)