Alessio Avallone

Interview mam Alessio:

Du bass gebuer : 09/02/2000

Deng Moossen : 1,74 m an 79 Kilo

Liblingsfaarf : blo

Liblingsiesse : Pizza 4 fromages.

Liblingsgedrénks : Waasser.

Wou gees de an Schoul ?

Lt Bonnevoie

Eng Frëndin ? Nee.

Wat ass däin berufflecht Ziel ?

Ech weess et nach net richteg, mee villäicht Educateur.

Wéini hues du mam Handball ugefaange ?

Hunn mat 11 Joer mam Handball ugefaangen.

Firwat Handball ?

War am Ufank am Fussball, dann am schwammen mee huet mär alles net gefall. Spéider sinn duerch Zoufall am Kontakt komm mat engem Spiller vum HBD, deem säin Pap war Trainer an huet proposéiert fir een Probetraining ze maachen. Géif soen dass gutt gaangen well ech nom éischten Training direkt gefrot ginn sinn fir reegelméisseg ze kommen an eng Lizenz ze maachen.

Liibling’s Positioun um Terrain?

Goalkeeper!

Hues du e Virbild ?

Thierry Omeyer

Hues de nach aner Hobbyen ?

Mat Kollegen eraus Fussball oder Basket spillen goen.

Wat ass bis elo déi gréissten Erfolleg?

Finalist vum Youthcup 2014, wou mir leider beim 7meter Schéissen verluer hunn.

Deng schéinsten Erënnerung beim Handball ?

Hunn der ze vill fir nëmmen eng ze zitéieren… Géif soen d’EM-Qualifikatioun  an Georgien mat der FLH, den Turnéier an Dänemark mam HBD, Turnéier zu Lille mam HBD, Sauerlandcup gewonnen mat der FLH an  den Handball-Stage zu Lloret mam HBD.

Wat ass fir dech dat wichtegst am Liewen ?

Meng Famill.

Wat stellt den HBD fir dech duer?

HBD ass mäin Club an deen Club an deem ech Handball ugefaangenen hunn.

Wei weit wëlls de am Handball kommen ?

Mat der FLH géif ech gären kënnen weisen dass zu Lëtzebuerg den Handball’s Niveau ëmmer méi héich gëtt…dat heescht fir wat net dreemen an soen eng WM ze gewannen. An mam Club well ech momentan mat der éischter Equipe Matcher spillen an net just mat derbäi sinn, an der Equipe heelen sou vill ech kann fir eng Coupe d’Europe ze gewannen.

Wann e Kand dech freet wat et maache muss fir am Handball Erfolleg ze hunn, wat äntwers du him ?

Wann een Kand mech dat frouen géif, dann géif ech him kloer soen dass et Leit ginn déi him wäerten soen dass  et onméiglech ass, mee dass mat Wellen, serieux trainéieren, eng gutt Hygiène an Motivatioun alles méiglech ass!

 

Merci Alessio !