Yann Hippert

9
  • Born (age)
  • LocationLuxembourg
  • Squad Number9

E klengen Interview mam Yann:

Du bass gebuer : 22.04.1999

Deng Mossen : 1,73 m an 70 kg

Wou gees de an Schoul?

Sportlycée (INS) Staat.


Wéini hues du mam Handball ugefaang ?

2004, mat 5 Joer.


Virwaat Handball ?

Mäin Papp huet Handball gespillt an senger Jugend a mäin Brudder Frank spillt am HBD, soudass ech vu klengem un derbäi war.


Lieblings Positioun ?

Réckraum Mett.


Hues de nach en aneren Hobby ?

Mat Kollegen eppes ënnerhuelen an Computer spillen.


Wat ass bis elo déi gréissten Erfolleg?

2014 ass meng Equipe 2ten um Youth Cup ginn.

Perséinlech sinn ech dëst Joer um Youth Cup an d’ Allstar-Team gewielt ginn.


Déi schéinsten Erënnerung beim Handball ?

Finale Youth Cup 2014, zwar knapp verluer am 7Meter Schéissen, mee war mega super Ambiance an der Hal.

 

Wat ass fir dech dat wichtegst am Liewen ?

Famill, Frënn an Handball.


Wat stellt den HBD fir dech duer?

MÄIN Club wou ech gären si, wou ech mech wuel fillen an fir deen ech alles ginn.


Wei weit wëlls de am Handball kommen ?

Eischt Equipe am HBD spillen


Wei kéinst de jonke Mënsch iwwerzeegen fir Handball ze spillen?

Et ass wichteg Sport am Liewen ze maachen an Handball ass eng Top Saach dofir. Et ass een ni alleng an et fënnt een vill nei Kollegen, et kommen ëmmer erëm nei Erausfuerderungen, souwuel op Matcher wei och um trai9.

Merci Yann !