Ben Schuster

25
  • Born (age)

En Interview mam Ben:

Du bass gebuer :

02.05.1996

Deng Mossen :

Sinn 1 Meter 88 grouss an hunn 100 kg.

Du studéiers ?

Ech maachen dëst Joer meng 13ième am LTB.

Eng Frëndin ?

Jo, bal 2 Joer.

Wat ass däin berufflecht Ziel ?

Am Beräich vun der Police schaffen.

Wéini hues du mam Handball ugefaang ?

Am Alter vun 4 Joer.

Firwat Handball ?

Mäin Papp huet ëmmer Handball gespillt dofir hunn ech och ugefangen ze spillen. Well Fussball spillt all Mënsch, Handball nëmmen déi bescht!

Liblings Positioun um Terrain ?

Pivot!

Hues de nach en aneren Hobby ?

Ech ginn gären Ski fueren, ënnerhuelen gären eppes mat Kollegen an soss verreesen ech nach gären.

Wat ass bis elo déi gréissten Erfolleg?

An der Jugend war mäin gréissten Erfolleg de Coupegewënn mat Péiteng  géint Esch, an natierlech den 1. Championstitel bei der 1. Equipe.

Deng schéinsten Erënnerung beim Handball ?

Wéi ech mat U18 Nationalequipe géint Däitschland gespillt hunn, mat der U21 Nationalequipe an Israel war an mam HBD zu Lissabon an zu Oslo war fir Coupe d’Europe ze spillen. An net ze vergiessen den Championstitel bei den Häre zu Esch ze gewannen.

Beréits de eppes ?

Nee.

Wat ass fir dech dat wichtegst am Liewen ?

Gesondheet, Freet, Famill, Frënn an een Beruff.

Wat bedeit den HBD fir dech ?

Den HBD  ass wéi eng Famill fir mech.

Wei weit wëlls de am Handball kommen ?

Etabléiert sinn an bei der 1. Equipe, also Stammspiller an vläit eng kéier    A-Nationalequipe spillen.

Wann e Kand dech freet wat et maache muss fir am Handball Erfolleg ze hunn, wat äntwers du him ?

Ëmmer haart schaffen fir seng Zieler ze erreechen fir besser ze sinn wéi déi aner an och wann een Réckschléi huet,  spriech Verletzungen, muss een sech rëm run kämpfen, och wann et schwéier ass. An natierlech muss een déi gewëssen Seriositéit hunn an de Wellen.

 

Merci Ben !