Dan Mauruschatt

7
  • Born (age)

Interview mam Dan:

Du bass gebuer : 30.12.1993

Deng Mossen : 1m90 92 Kilo

Du studéiers ? Fir Schoulmeeschter

Eng Frëndin ? Jo

Wat ass däin berufflecht Ziel ?

Mam Studium fäerdeg ze ginn an kennen schaffen ze goen an den Kanner eppes bäibréngen an mech bei da Arbescht wuelfillen.

Wéini hues du mam Handball ugefaange ?

Ech hunn mat 4 Joer ongeféier mam Handball ugefaangen, dat misst ongeféier 1998 gewiescht sinn.

Firwat Handball ?

Den gréissten Deel vun menger Famill huet Handball gespillt an ech mengen wann Elteren allen 2 Handball gespillt hunn dann geet een vun klengem un Matcher kucken an do hunn ech einfach gemierkt dass ech och onbedéngt wollt an den Handball goen.

Liblings Positioun um Terrain ? Pivot

Leiwer Verteidegung oder Ugrëff ?

Wat eng fro;) Natierlech léiwer Ugrëff mee ech mengen Verteidegung gehéiert och dozou an ass immens wichteg.

Di beschten Trainer bis elo ?

Ech mengen dat sinn da puer. Ufänken kann ech mam Rina Spielmann wou meng Trainerin war wou ech nach ganz kleng war an wat ma immens vill beibruecht huet.(an mer konnten ëmmer Fussball spillen beim Warm-Up;)) Dann bei den Cadets den Pascal Schuster bei dem ech mech konnt vill weiderentwéckele an deen mer vill beibruecht huet. An eben déi 1. Equipstraineren dei ma gehollef hunn dat ech mech konnt um héchsten Niveau beweisen. Vun dohier en risen groussen MERCI un iech all! Ouni iech wär ech net do wou ech elo sinn, Merci.

Hues de nach en aneren Hobby ?

Un sech net, ausser dat ech gären eppes mat Kollegen ënnerhuelen.

Wat ass bis elo déi gréissten Erfolleg?

Mäin gréissten Erfolleg war den Champion 2015.

Deng schéinsten Erënnerung beim Handball ?

Meng schéinsten Erënnerung war déi vill Ausflich déi ma an da Jugend gemeet hunn an natierlech den Youth-Cup. Den Champion war natierlech och prägent.

 Beréits de eppes ? Nee, et gëtt och keen Grond fir eppes ze bereien!

Wat ass fir dech dat wichtegst am Liewen ?

Dat wichtegst am Liewen ass fir mech meng Famill an Gesondheet.

Wat bedeit den HBD fir dech ?

 Den HBD ass einfach en deel vun mengem Liewen, den HBD ass wei eng grouss Famill, deen ouni déi vill Leit déi sech fir den Veräin asetzen an engagéieren net méiglech wier. Ech weess et wierklech ze schätzen wat Léit fir deen Veräin maachen. Merci. HBD en Liewensgefill!

Wei weit wëlls de am Handball kommen ?

Ech well nach sou laang wei méiglech Handball spillen an souvill wei méiglech Titelen gewannen

Wann e Kand dech freet wat et maache muss fir am Handball Erfolleg ze hunn, wat äntwers du him ?

Et ass immens wichteg dat een sou vill an sou intensiv wei méiglech un sech schafft, sech vun sengen Traineren Tipps ginn an déi och probéieren sou gutt wei méiglech em ze setzen. Dat wichtegst ass och wann et heiansdo mol eng Kéier net sou leeft wei een sech dat virstellt kann net opzeginn mee weider trainéieren fir dat ze änneren.

 

Merci Dan fir dei flott Wieder !