Eva Etoga

Interview mam Eva

Du bass gebuer : 27 Juli 2002

Deng Moossen : 178 cm

Liblingsfaarf : Hellblo.

Liblingsiesse :

Ech kéint mech net fir eppes entscheeden.

Liblingsgedrénks :

Waasser.

Wou gees de an Schoul ?

Lycée Ermesinde.

Eng Frënd ?

Nee.

Wat ass däin berufflecht Ziel ?

Ech wéilt gären Medezin studéieren an mech dann an engem Beräich an der Chirurgie spezialiséieren, villäicht Häerzchirurgie.

Wéini hues du mam Handball ugefaange ?

Ech mengen mat 9 oder 10 Joer.

Firwat Handball ?

Ech mengen ech war eng Kéier op sou engem Schnupperdaag an dat huet mär gefall.

Libling’s Positioun um Terrain?

Goal natierlech.

Hues du e Virbild ?

Nee net wierklech.

Hues de nach aner Hobbyen ?

Jo ech interesséieren mech och fir Film an Schauspillerei, mee ech hunn net vill Zäit dofir.

Wat ass bis elo déi gréissten Erfolleg?

EM-Prequalifikatioun an Griicheland.

Deng schéinsten Erënnerung beim Handball ?

Ech kéint mech mol net wierklech entscheeden, mee déi Erfarung an Griicheland war schonn flott.

Wat ass fir dech dat wichtegst am Liewen ?

Famill an glécklech ze sinn

Wat stellt den HBD fir dech duer?

Vu que dass den Handball am Moment een grousse Bestanddeel an mengem Liewen ass, ass en mer schonn wichteg an ech kann mer keen Liewen ouni virstellen.

Wei weit wëlls de am Handball kommen ?

Ech hunn mer keng richteg Ziler gesat.

Wann e Kand dech freet wat et maache muss fir am Handball Erfolleg ze hunn, wat äntwers du him ?

Et soll een konsequent trainéieren an ëmmer 100% ginn, well vun näischt kennt näischt, mee et soll een ni de Spaass dobäi verléieren.