Fabienne Thiry

Interview mam Fabienne:

Du bass gebuer den ?

25.09.1998

Deng Nationalitéit ?

Lëtzebuerger

Deng Mossen ?

1.78 m

Hues de e Frënd ?

Jo.

Liblingsiessen an Gedrénks ?

Neicht Spezielles, hänkt vun Loscht an Laun of, mee Capri Sonne geet ëmmer

Deng Liblingsfaarf ?

Khaki

Däin berufflecht Ziel ?

Een Beruff mat vill Ofwiesslung ze hunn deen mer  Spaass mécht!

Deng Carrière am Handball ?

2008 – 2019 beim HBD.

E Speztnumm ?

Fabi!

Firwat hues du mam Handball ugefaange ?

Duerch den Schnupperdaag beim HBD.

Leiwer Verdeedegung oder Ugrëff?

Déi Zwee.

Deng Liblingspositioun um Terrain ?

Pivot!

Eng speziell Trikotsnummer ? Firwat déi 

Nummer ?

22, well 2 net méi frei war.

Hues de e Virbild ?

Jo, Meng Mamm !

Hues du nach eng aner Leidenschaft wei den 

Handball ?

Zäit mat mengen léifsten verbréngen.

Däi gréissten Erfolleg am Handball ?

All schéinen Moment mat da Equipe um Terrain an nieft dem Terrain an Frënn fir d‘Liewen fonnt ze hunn

Deng schéinsten Erënnerung am Handball ?

Turnéier zu Viborg an Dänemark.

Beréits de eppes ?

Nee, alles geschitt aus engem Grond an ass fir iergend eppes gutt

Wat ass dat wichtegst fir dech am Liewen ?

Famill, Éierlechkeet, Vertrauen.

Wat bedeit den HBD fir dech ?

Eng grouss Famill.

Wat wëlls de no denger aktiver Carrière maachen ?

Doriwwer hunn ech mir nach keng Gedanken gemaach

Wann e Kand dech freet wat et maachen muss fir um héchsten Niveau ze spillen, wat äntwers du him ?

Ëmmer um Ball bleiwen!

 

Merci Fabi !