Jimmy Hoffmann

8
  • Born (age)

Interview mam Jimmy !

 

Du bass gebuer:

13 Februar 1992

 Nationalitéit :

Lëtzebuerger

 Däin Etat Civil :

glécklech verginn

Deng Mossen :

1m88, 77 kg

Liiblingsiessen:

Pita-Frittes vun der Mamm, Paangecher vun der Frëndin

Liiblingsgedrénks:

en gudde kalen Clausthaler Radler

Liiblingsfaarf:

rout :)

Deng Carrière am Handball :

2000 ugefaange bei den Red Boys Differdange.

2015 – 2017: Longericher SC Köln

2017 –  : HB Dudelange

Wifill Matcher hues du fir Nationalequipe gespillt ?

10 ongeféier bei der A-Equipe.

Firwat hues du mam Handball ugefaange ?

Duerch mäin deemolegen Bänknoper, dem säin Papp wa Trainer bei den Red Boys.

 Hues du nach eng aner Leidenschaft wei den Handball ?

jo, ech reesen gären an ech sinn en groussen Naturfrënn an géif am léifsten all Outdoor-Aktivitéit praktizéieren. Momentan ass leider nëmmen Zéit iwwreg fir alt mol Sonndes en Tour mam Mountainbike ze fueren.

Däi gréissten Erfolleg ?

2017, dei drëtten Platz mam Longericher SC an der DHB 3.Liga West.

Deng schéinsten Erënnerung ?

Mäin Abschid nom leschten Match zu Köln. Schunkelnd, Aarm an Aarm sinn Mir beim Lidd „In unsrem Veedel“ vun der Equipe an den Fans verabschid ginn.

 Beréits de eppes ?

Nee.

Wat ass dat wichtegst fir dech am Liewen ?

Famill, Gesondheet an d’Fräiheet hunn säin Liewen kennen selwer ze gestalten

Wat bedeit den HBD fir dech ?

an deier kuerzer Zäit wou ech am Veräin sinn, momentan den richtegen Choix getraff ze hunn. Et ass en Veräin mat grousser Traditioun, andeem ech super opgeholl ginn sinn an wou ech mech ganz wuel fillen.

 Wat wëlls de no denger aktiver Carrière maachen ?

eng Weltrees an den Paragliding Schäin, berufflech mech fortbilden domat ech den Léit als kompetenten Kiné beschtméiglech mengen Patienten kann weiderhëllefen.

Wann e jonke Spiller dech feet wat een maachen muss fir um héchsten Niveau ze spillen, wat äntwers du him ?

Sech Zieler setzen an huard dofir ze schaffen, ouni den Spaas an Leidenschaft um Sport ze verléieren. Wann d’Chance besteet am Ausland ze spillen, soll een di notzen, well oft sinn et déi Erfarungen wou een net nëmmen als Spiller mais och als Mënsch weider bréngen.

Wichteg awer och d’Schoul net ze vernoléissegen, domat een och no senger Handball Karriäre ofgeséchert ass.

 

Merci Jimmy !