Joe Schuster

Elo ass de Joe schonn e puer Wochen zu Gummersbach an der Handball Akademie an geet och do an Schoul.

Ech hunn de Joe gefrot wéi et him geet an wéi séin Liewen zu Gummersbach esou ofleeft:

Dagesoflaf: 

6:40 opstoen gutt frühstücken wichteg!!

Méindes + Mëttwochs : 7:30-9:00 Krafttraining

Dënschdes + Donneschdes : 9:30-11:00

 Schoul hunn ech all Dag bis 15:30 ausser Dënschdes bis 13:00

 Nomëttestraining :

Méindes : 2h Individuell Schosstraining, Turnen

Dënschdes : 17:30-19:00

Mëttwochs : 19:00-20:30

Donneschdes : 16:30-18:00

Freides : 16:30-18:00

 Doteschent gëtt nach Videoanalyse gemaach an Physiotherapie.

 Traininger Moies sinn zimlech intensiv zemools am Ufank vun der Woch . Wat et awer méi no op den Match geet ass et méi taktesch an „entspaant“ .

 Ënnerscheeder vun den Traininger zu Lëtzebuerg ginn et schonn. Ech hunn aalt hei elo Méiglechkeet méi oft Krafttraining ze maachen an och Traininger sinn eppes anescht well een mat Leit trainéiert déi all vir den Handball liewen.

Ech spillen an der 2. Equipe awer och an der A Jugend am Réckraum an um Pivot jee nodeems wéi Trainer dat decidéieren.

De Kontakt mat de Profien ass och gutt an si sinn och ganz fein.

 Ech wunnen an enger WG mat zwee Spiller. Mir verstinn eis zimlech gutt . Moies an Owes gëtt zesummen giess esou wei et passt vun den Traininger.

 Vermessen den HBD schonn . Ech hunn missten vill Frënn zeréckloosse mat deenen ech en groussen Deel vun menger Kandheet verbruecht hunn. Ech wäert och richt am Dezember erëm op Lëtzebuerg kenne kommen.

 

 Ech kann just jidderengem roden deen vir den Handball lieft an well eppes méi maachen deen soll roueg sech trauen an Ausland ze goen.

Ech sinn och mega gutt vun der Equipe opgeholl ginn. Kann just un Häerz leen deen et well maachen deen soll net zecken.

Informatiounen iwwert Matcher an Resultater fënnt een op der App MeinHandball.

5-9-2018vfla-vor1