Joy Mockel

3
  • Born (age)

Interview mam Joy:

Du bass gebuer:  23.09.1997

Nationalitéit: Lëtzebuergerin

Däin Etat Civil: leedeg

Deng Mossen: 1,67 m

Deng Positioun um Terrain: Riets Band

Leiwer Verteidegung oder Ugrëff?  Ehm….Ugrëff!

Deng Carrière am Handball:  No engem flotten Schnupperdag hunn ech 2006 mam Handball ugefaangen

Firwat hues du mam Handball ugefaange? Well ech nom Turnen an Danzen endlech eng Equippesportaart wollt machen an vun klengem un duerch meng Cousine mam Handball opgewuess sinn.

Hues du nach eng aner Leidenschaft wei den Handball? SHOPPEN!

Däi gréissten Erfolleg? Den 3. Tour an der Coupe d’Europe géint Holstebro.

Deng schéinsten Erënnerung? All Coupematch deen een an der Coque gewënnt bleift eng eemoleg Erënnerung.

Beréits de eppes? Et soll een ni eppes bereien mee aus sengen Fehler leieren!

Wat ass dat wichtegst fir dech am Liewen? Famill an Frënn déi een ëmmer ënnerstëtzen an…den Handball!

Wat bedeit den HBD fir dech? Eng zweet grouss Famill!

Wat wëlls de no denger aktiver Carrière maachen? Mech als Jugendtrainer engagéieren  an deenen Klengen weisen, wei flott Handball ass!

 Wann e jonke Spiller dech freet wat een maachen muss fir um héchsten Niveau ze spillen, wat äntwers du him?  Dat wichtegst ass, dass een ëmmer erëm opsteet wann een fält an ni opgëtt! Ëmmer säin Bescht ginn an seng Motivatioun an säin Spaass um Handball ni verléiert!

 

  “ There will be obstacles.

     There will be doubters.

     There will be mistakes.

     But with hard work,

     there are no limits! “       

 

Merci Joy !