Joy Wirtz

20
  • Born (age)

Interview mam Joy Wirtz:

Du bass gebuer: 18.03.1996

Nationalitéit : Lëtzebuergerin

Däin Etat Civil : celibataire

Deng Mossen : 1.74 m

Deng Carrière am Handball :

Vun klengem un sinn ech beim HBD an mer hunn oft den Doublé gemaach an praktesch all Kategorie. Ech hunn souguer och 2 mol dierfen um ISF mat deel huelen an dat war eng Kéier an Kroatien an di aner kéier an der Tierkei. An dono hunn ech Dames 1 gespillt an do sinn mer och erfollegräich an mer konnten schonn an der Coupe d Europe beweisen wat mer kennen.

Firwat hues du mam Handball ugefaange ?

Ech spillen schonn säit deem ech 2 Joer hat wann een dat do schonn Handball kann nennen, mee Handball ass einfach en flotten Equippesport.

Leiwer Verteidegung oder Ugrëff?

Fir mech ass en gudden Handballspiller een deen an der Verteidegung an am Ugrëff genau sou gutt ass dofir kann ech mech net entscheeden.

E Virbild?

Et ginn sou gutt Handballspiller an Spillerinnen, mee ech huelen Kristina Kristiansen.

Hues du nach eng aner Leidenschaft wei den Handball ?

Zimlech vill Sportaarten interesséieren mech, well ech jo och Sportsproff well ginn. Mee ech bastelen och mol gär.

Däi gréissten Erfolleg ?

Fir kennen Coupe d Europe all Joers ärem ze spillen muss een mat fir bei sinn an eppes gewannen an dat ass och mäin Ziel.

Deng schéinsten Erënnerung ?

Den ISF , obwuel mer do mat villen Basketspillerinnen eng Equipe zesummen gestallt haten an awer och dass mer an der Coupe d Europe géint Holstebro gefall sinn an heiheem gespillt haten.

Beréits de eppes ?

NEE et soll een naicht bereien, ëmmer no Fir kucken.

Wat ass dat wichtegst fir dech am Liewen ? 

Natierlech spillt den Handball eng ganz grouss Roll an mengem Liewen mee et ginn och nach méi wichteg Saachen wie d Gesondheet, d’Famill an leider och d’ Schoul.

Wat bedeit den HBD fir dech ?

Dass ëmmer eng super Ambiance an dat muss een bäibehalen. Wann ech an Hal kommen dann freeën ech mech eng Paus vun allem Aneren ze hunn an ech  sinn frou kennen an deem Club opgewuess ze sinn an do forméiert ginn sinn.

Wat wëlls de no denger aktiver Carrière maachen ? 

Dat weess ech elo nach net, als Trainer géif ech mech gesinn mee kann mech nach net festleeën.

Wann e jonke Spiller dech freet wat een maachen muss fir um héchsten Niveau ze spillen, wat äntwers du him ?

Dofir musst de an Ausland goen an all Daach trainéieren, ech hat deen selwechten Dram mee elo wou ech zu Metz bëssen mat däerf trainéieren gesinn ech dass déi Meedercher alles un den Handball hänken an eng besser Formatioun hunn.

Merci Joy !