Kim Bosoni

8
  • Born (age)

Interview mam Kim:

Du bass gebuer?
Den 23. September 1986.
Deng Moossen?
1,79 m / +- 80 kg
Du schaffs/studéiers?
Schaffen bei der CFL.
Eng Frëndin?
Den Moment net.
Wéini hues du mam Handball ugefaangen?
Mat 13 Joer.
Firwat Handball?
Virum Handball hunn ech 7 Joer Basket gespillt an wollt einfach eppes neies ausprobéieren.
Liblingsposition um Terrain?
Am Jugendberäich an der Mett an lo lenks Band.
Hues de nach en aneren Hobby?
Snowboarden, wann et geet ginn ech e puer mol am Joer fueren an probéieren all kéiers an en anert Skigebitt ze goen.
Wat ass bis elo däin gréissten Erfolleg?
Den Champion 2008 an 2009.
Deng schéinsten Erënnerung beim Handball?
Do ginn et der ganz vill, déi 2 Youth-cup’en wou ech gespillt hunn, D’Champions-Titelen, d’Matcher géint Rhein-Neckar Löwen, Coupe d’Europen am Kosovo, Mazedonien an Karvina (Tschechien), dat vergësst een ni méi :)
Beréits de eppes?
Amfong net.
Wat ass fir dech dat wichtegst am Liewen?
Famill, Frënn an Gesondheet.
Wat bedeit den HBD fir dech?
Den HBD ass wei eng 2. Famill.
Wei weit wëlls de am Handball kommen?
D’Coupe bei den Senior 1 ass en Titel deen mer nach feelt.
Wann e Kand dech freet wat et maache muss fir am Handball Erfolleg ze hunn, wat äntwers du him?
Sou serieux wei meiglech ze trainéieren mee virun allem Spaass um Handball ze hunn.

Merci Kim !