Luka Steffen

80
  • Born (age)

Mär hunn dem Luka e puer Froen gestallt:

 

Du bass gebuer den ?

08.03.2002

Deng Nationalitéit ?

Lëtzebuerger

Eng Frëndin ?

Jo

Deng Mossen ?

185 cm 91 kg

Liblingsiessen an Gedrénks ?

Raclette an Cola

Deng Carrière am Handball ?

Ech hunn 2008 am HBD ugefaangen, wou ech an alle Kategorien gespillt hunn. Ech hat Chance e puer mol beim Youthcup ze spillen. Lescht Saison hunn ech dunn de Sprong an de Kader vun eisen Éischten Hären gepackt, mat daer ech och op Coupe d’Europe an Lettland geflunn sin. Mat dem U17 Nationalkader war ech lescht Joer um Partille Cup an Schweden an ech sinn aktuell am U19 Nationalkader.

E Speztnumm?

Lukch

Firwat hues du mam Handball ugefaange ?

Nodeems ech e puer Joer zu Beetebuerg am Turnen war, hunn ech parallel eng Réi Sportaarten probéiert (Basket, Tennis an Badminton) an hunn dunn och den Handball probéiert. Well mär an der Beetebuerger Gemeng wunnen war ech hei eemol op den Handballstraining. Deen huet mer awer net gefall.

Well meng Elteren fréier am HBD gespillt hunn an och well eng gutt Frëndin vun mär schonn zu Diddeleng gespillt huet, sinn ech dunn op en Training bei den HBD komm, an do war ech direkt begeeschtert an hunn hei meng éischt Lizenz gemaach.

Leiwer Verdeedegung oder Ugrëff?

Verdeedegung.

Deng Positioun um Terrain ?

Pivot

Eng speziell Trikotsnummer ? Firwat déi Nummer ?

  1. Mäi grousst Virbild spillt mat där Nummer (Jannik Kohlbacher)

Hues de e Virbild?

Jannik  Kohlbacher, vun den Rhein-Neckar Löwen an Däitschen Nationalspiller.

Hues du nach eng aner Leidenschaft wei den Handball ?

Mat Frënn eppes ënnerhuelen .

Däi gréissten Erfolleg ?

Beschten Pivot um Youthcup 2019 an esou an Allstarteam gewielt ginn.

Deng schéinsten Erënnerung ?

De Youthcup 2019, dat war einfach genial. Leider hunn eis e puer Goaler gefeelt fir nach e bessert Resultat kennen ze maachen. Mär hunn awer géint de Gewënner vum Youthcup, Coburg eise Match gewonnen, wat schonn speziell war.

Beréits de eppes ?

Wat ass dat wichtegst fir dech am Liewen ?

Famill, Frënn an mat  Jidderengem respektvoll ëmgoen.

Wat bedeit den HBD fir dech ?

Den HBD ass ewéi eng zweet Famill fir mech. Wann ech an Hall kommen fir en Match ze kucken oder ze spillen dann fillen ech mech do wuel.

Wat wëlls de no denger aktiver Carrière maachen ?

Ech weess et bis elo nach net, kucken wat Liewen esou bréngt.

Wann e Kand dech freet wat et maachen muss fir um héchsten Niveau ze spillen, wat äntwers du him ?

Op all Training méi wéi 100% ginn an ëmmer un sech gleewen!

Och wann et Deeg ginn wou et net esou gutt leeft ëmmer sech selwer motivéieren an sech ëmmer drun ginn.

 

Merci Luka!

Leave a Comment

(required)

(required)