Mich Gulbicki

6
  • Born (age)

E klengen Interview mam Mich:

 

Du bas gebuer: 3. August 1987

Nationalitéit : Lëtzebuergesch

Däin Etat Civil : an festen Hänn

Deng Mossen : 1,86 m – 86 kg

Deng Carrière am Handball :

1998 – 2004 HBC Schëffleng Jugend

2004 – 2006 HC Bierchem

2006 – 2007 Pfadi Winterthur (CH)

2007 – 2013 RTV 1879 Basel (CH)

2013 – 2014 TV Birsfelden (CH)

2014 – HBD

Wei vill Mätscher hues du fir Nationalequipe gespillt ?

Ongefeier 40 Mätscher.

Firwat hues du mam Handball ugefaang ?

Wéi déi meescht, hunn ech mat Fussball ugefaang, hunn awer dunn gemierkt, dass een am Handball méi oft de Ball kritt an méi Goaler schéissen kann.

Handball ass einfach déi attraktiivsten Sportaart déi alles vereent wat Sport ausmécht : Emotiounen, Dynamik an Kierperasaatz.

Hues du nach eng aner Leidenschaft wei den Handball ?

Reesen. Aner Länner an Kulturen ze entdecken an souvill wéi méiglech vun der Welt ze gesinn ass mäin Liewensdram.

Däi gréissten Erfolleg ?

Vum Palmarès hier den Doublé 2005 mat Bierchem als jonken Spunt.

Sinn awer och immens houfreg dorobber an d’Ausland gaangen ze sinn, wäit fort vun doheem an op sech alleng gestallt. Et war net ëmmer einfach mee dat waren Erfahrungen déi mech als Mënsch an menger Perséinlechkeet immens beräichert an weiderentwéckelt hunn.

Deng schéinsten Erënnerung ?

Déi aktuellst Erënnerungen sinn ëmmer déi schéinst, dofir eisen Championstitel läscht Saison, deen ech als en Risesuccès ugesinn an alles anescht wei selbstverständlech war.

Beréits de eppes ?

Nee – Et soll een ëmmer zu sengen Entscheedungen stoen, an och aus Fehler léiert an wiisst een.

Mee als klénge Bouf net Piano oder Gittare geléiert ze hunn ass schonn schued. 

Wat ass dat wichtegst fir dech am Liewen ?

Sech all Dag iwwer dat ze freeën an dankbar ze sinn wat een huet – et ass net selbstverständlech!

Wat bedeit den HBD fir dech ?

De gréissten an traditiounsräichsten Handballveräin vun Lëtzebuerg mat enger gudder Jugendaarbecht, villen Supporteren an Benevolen dohannert. Ech sinn houfreg fir sou een Veräin spillen ze dierfen.

Wat wëlls de no denger aktiver Carrière maachen ?

All déi Saachen maachen wou wéint dem Handball keng Zäit iwwreg war: D’Welt bereesen, mat der Fra Owes Bachelor kucken, eng Golf Carrière starten, an der Südsee tauchen an d’Matterhorn besteigen. Ah jo – en Job wéi den Oliver Bierhoff hätt ech och gär!

Wann e jonke Spiller dech freet wat een maachen muss fir um héchsten Niveau ze spillen, wat äntwers du him ?

Ëmmer 100% ginn, sief dat um Training oder op de Matcher. Wëll’s de besser sinn wéi déi aner, dann muss de och méi oft an méi haart trainéieren wéi déi aner! Wann’s de d’Méiglechkeet hues an d’Ausland ze goen, maach et, du sammels Erfahrungen déi onbezuelbar sinn. Mess de et net, wärste et spéiderhin bereien. Egal wei dierfs de awer ni de Spaass an d’Freed dorun verléieren.

Merci Mich !