Mika Herrmann

96
  • Born (age)
  • LocationDudelange
  • Squad Number96

En Interview mam Mika:

Du bass gebuer:

Ech sinn zu Diddeleng den 14.10.1996 gebuer.

Deng Mossen:

Ech sinn 1.89 cm grouss an hunn 110 kg.

Eng Frëndin?

Keng Zäit.

Däi Liblings-Iessen / Gedrénks ?

Nuddelen mat Pesto , an Nuddelen am Schäffchen mat Kéis / Coca-Cola Lite.

Wéini hues du mam Handball ugefaang?

Ech hunn mat 4 Joer ugefangen mat Handball ze spillen.

Firwat Handball?

Well mäi Pap och Handball gespillt huet.

Wei oft trainéiers de an der Woch ?

Méindes 2 mol, Dënschdes, Mëttwochs mat de U-21, Donneschdes, an Freides an dann Samschdes an Sonndes Mätscher.

Hues de nach en aneren Hobby?

Keng Zäit, just emol mat Frënn eppes ënnerhuelen.

Wat ass bis elo déi gréissten Erfolleg?

Champion mat der 1. Equipe 2015 an Champion mat den U-21.

Deng schéinsten Erënnerung beim Handball?

Den Youth-Cup , an dass ech do beschten Goalkeeper gi sinn.

Wat ass fir dech dat wichtegst am Liewen?

Dat et menger Famill gutt geet.

Wat stellt den HBD fir dech duer?

Eng Famill.

Wei weit wëlls de am Handball kommen?

Ech hoffen dass ech Chance kréien emol am Ausland kennen ze spillen.

Wann e Kand dech freet wat et maache muss fir am Handball Erfolleg ze hunn, wat äntwers du him ?

Dat een muss en Team sinn, vill Kampfgeescht hun an ëmmer 100 Prozent muss  ginn um Training an um Mätsch.

Merci Mika !