Mikel Molitor

20

De Mikel huet eis op e puer Froën geäntwert:

 

Du bass gebuer den ?

08.01.93 zu DIDDELENG

Deng Nationalitéit?

Lëtzebuerger

Däin Etat Civil?

Ech hunn eng Frëndin wei di meescht wëssen.

Deng Mossen?

1m80 grouss an 83kg

Liiblingsiessen an Gedrénks?

Prince Orloff vun menger Mamm  an ICE TEA SPRUDDEL

E Spëtznumm?

Molly

Firwat hues du mam Handball ugefaange?

Ech hat den Basket probéiert wat ech och haut nach gär hunn, deen war mer awer net schnell genuch. An virun allem kennt een an eiser Famill net laanscht den Handball well mäin Papp selwer gespillt huet an meng Schwëster och, an do konnt ech jo schlecht géint Familljentraditioun goen.

Deng Carrière am Handball?

Hunn mat 5 Joer schonn ugefaangen mam Handball an dat hei zu Diddeleng. Hunn all Jugendkategorie duerchlaaft an och an all Kategorie den Championnat wei och d’Coupe konnten gewannen mat mengen laangjäregen Kollegen wei den Dan an den Tommy zum Beispill wat ëmmer immens flott war an woubäi mer ganz vill schéin Zäiten haten.(Eis Traineren deelweis manner, well mer en relativ duerchdriwwenen Grupp haten). Dunn mat 22 Joer sinn ech 4 Saisons op Käerjeng spillen gaangen an sinn säit dëser Saison erëm doheem wouriwwer ech wierklech frou sinn.

Wisou waars de vun Diddeleng op Käerjeng gewiesselt?

Ech hat zu Diddeleng déi Zäit en Trainer mat deem Chimie teschent Trainer an Spiller net wierklech geklappt huet, wat leider am Sport heiansdo vir kennt an dann kennt den Moment wou een sech muss decidéieren op een net villäicht eppes Neies probéieren well fir awer nach kennen ze progresséieren an deen Schratt hunn ech missen SCHWÉIEREN HÄERZENS maachen. Ech war einfach der Meenung dass ech mat 22 nachvill  kéint  léieren an wollt einfach méi Spillzäit hunn, wat ech bei engem aneren Veräin dunn kritt hunn.

Frou erëm zu Diddeleng ze spillen?

Déi Fro beäntwert sech vum selwen. Absolut den richtegen Choix erëm zeréck ze kommen. Doheem ze spillen mat sengen Kollegen respektiv mat mengen Bridder, wéi ech ëmmer soen. Virun allem d’Ambiance bei den Heemmatcher huet mir gefeelt an aus menger Erfarung di ech gemaach hunn, kann ech kloer behaapten dass Diddeleng eng speziell Sportstaadt ass.

War et net ellen an gréng mussen ze spillen?

Also ech hunn puer Matcher gebraucht fir mech drun ze gewinnen, ma krut oft an wierklech ganz oft gesot dass mer blo besser geet an heiansdo hunn di aner Leit einfach Rescht.

Leiwer Verdeedegung oder Ugrëff?

All Spiller schéisst gär Goaler also spillen di meescht léiwer am Ugrëff MAIS ech weess awer ganz gutt dass wann een en Titel well huelen, muss een di bescht Defense um Terrain hunn.

Deng léifste Positioun um Terrain?

An mengen Jugendkategorien hunn ech ëmmer am Réckraum gespillt respektiv Mëtt, wat ech och ganz gär hat, mé mëttlerweil hunn ech lenks Band awer am léifsten.

Eng speziell Trikotsnummer? Firwat déi Nummer?

Meng Liiblingsnummer ass 20. Hunn déi souguer als Tattoo um Fanger an wäert déi och net méi hierginn. Soss an der Zäit hat ech ëmmer Nummer 10, bis ech an éischt Equipe koum, dunn hat den Robert Dom déi an konnt him déi als Rookie jo schlecht klauen also hunn ech einfach 2×10 geholl!

Hues du e Virbild?

Reng handballeresch hunn ech keen Virbild. Generell gekuckt ass den Dwyane Wade( fréieren Basketspiller vun Miami Heat) en Spiller deen mech inspiréiert huet. Net just well hien en extrem gudden Spiller war, ma och wat hien niewent dem Terrain alles sou fir den Sport an d’Leit gemaach huet. Hien huet säin Stempel an allen Beräicher opgedréckt an hannerlooss.

Hues du nach eng aner Leidenschaft wei den Handball?

Niewent dem Handball organiséieren ech eng vun den beschten Party’s aus Lëtzebuerg déi TROPHIES heescht. Dëst maachen ech säit 2016 an ass natierlech ustrengend mé och ganz vill Spaass well’s de permanent nei Leit kenneléiers an well’s de Nuetsliewen och emol aus aneren Standpunkten kenneléiers.

Dann kucken ech nach ganz gär mat mengen beschten Kollegen NBA an dat schonn ganz laang.

Däi gréissten Erfolleg?

All Titel wou een gewënnt ass natierlech en Erfolleg an all Titel huet seng eegen
Geschicht dozou. Perséinlech den Sprong mat 16 an éischt Equipe gepackt ze hunn beim Mane Skercevic war en groussen Erfolleg deemools an och Nominatioun 2013 an A-Nationalequipe war en perséinlechen Succès.

Deng schéinsten Erënnerung?

Wei ech beim Youth Cup als MVP genannt ginn sinn doheem virun enger voller Hal, dat war schonn eppes Besonnesches. Déi 2 Championstitelen ZU Esch 2012 an 2015 wou mer 2 mol wierklech an Extremis gewonnen hunn, sinn an bleiwen wahrscheinlech di 2 schéinst Titelen. Dann déi 2 offiziell Matcher mat der Nationalequipe géint Slowenien( déi dat Joer déi 3t op der Weltmeeschterschaft ginn sinn) an wou mer géint grouss Nimm duerften oplafen ass och eng wonnerschéin Erënnerung.

Beréits de eppes?

Dat eenzegt wat ech an mengem Liewen bereien ass, dass ech deemools mat 15 net op Magdeburg an Internat gaangen sinn, well ech emol net wuel gefillt hat souwäit vun doheem fort ze sinn. Soss gëtt et awer näischt wat ech bereien vun dohier NO REGRETS! Liewen ass ze kuerz fir Saachen ze bereien.

 Wat ass dat wichtegst fir dech am Liewen?

Ech hunn leider schonn Persounen verluer déi mer wichteg waren an no stoungen dofir ass dat wichtegst dass déi Leit déi ech gär hunn GESOND sinn an bleiwen. Fir mech perséinlech ass och ganz wichteg dass een seng Frëndschaften fleegt an se laang oprecht erhält.

Wat bedeit den HBD fir dech?

Den HBD ass en Traditiounsveräin an wäert dat ëmmer bleiwen. Ech sinn frou ganz vill Joren schonn dierfen en Deel dovunner ze sinn. Fir mech perséinlech ass den HBD en grousst Stéck Diddeleng.

 Wat wëlls de no denger aktiver Carrière maachen?

Hoffen, dass ech dem Handball ëmmer kann en bëssen trei bleiwen. Trainer ze ginn, géif mech op jiddefalls interesséieren. Eventuell dem Comité bäizetrieden.

Privat loossen ech d’Saachen ëmmer en bëssen op mech duerkommen an kucken wéi eng Dieren sech spontan villäicht opginn.

Wann e Kand dech freet wat et maachen muss fir um héchsten Niveau ze spillen, wat äntwers du him?

Et muss dat wierklech wëllen, et muss motivéiert sinn an engagéiert sinn. Éiergäiz spillt do eng ganz wichteg Roll an wann een sech dem Handball net zu 100% widmet, ass et schwéier fir kennen ganz uewen dobäi ze sinn. An dobäi dierf den Spaass natierlech och net verluer goen.  

 

Merci Mikel !

Leave a Comment

(required)

(required)