Ojié Etute

Den Ojié huet eis op e puer Froen geäntwert:

 

Du bass gebuer :12.08.2001

Deng Moossen :1m 93 105 kg

Liblingsfaarf : Rout oder Schwaarz

Liblingsiesse : Traditionell nigerianescht Iessen

Liblingsgedrénks : Cola

Wou gees de an Schoul ?

Ech sinn am LTB

Eng Frëndin ? Nee

Wat ass däin berufflecht Ziel ?

Educateur.

Wéini hues du mam Handball ugefaange ?

Ech spillen Handball säit der U10.

Firwat Handball ?

Meng Nopesch huet mech eng kéier mat ob den Training geholl an den Handball huet mär gefall, also sinn ech bliwwen.

Liibling’s Positioun um Terrain?

Lénks Hallef.

Hues du e Virbild ?

Nee.

Hues de nach aner Hobbyen ?

Ech hun Musék gaeren an machen och selwer mol puer Lidder.

Wat ass bis elo déi gréissten Erfolleg?

Mäin gréissten Erfolleg ass 2 mol ´´man of

the match’´ mat der Nationalequippe bei der U-18 EM-Qualitikatioun ze ginn.

Deng schéinsten Erënnerung beim Handball ?

Mäin éischten Youthcup ass kloer déi beschten Erënnerung beim Handball bis elo, obwuel mär 2. ginn sinn duerch 7 meter

schéissen an dass ech net vill gespillt hunn, war dat awer déi schéinsten Erënnerung!

Wat ass fir dech dat wichtegst am Liewen ?

Stolz ob sech selwer kennen ze sinn.

Wat stellt den HBD fir dech duer?

Ech spillen beim HBD säit ech kleng sinn an ech

gesinn den HBD als meng Famill an ech sinn Stolz den HBD representéieren ze kennen.

Wei weit wëlls de am Handball kommen ?

Esou weit wéi méiglech, villäicht souguer

an d’Ausland ze goen, mee elo am Moment ass mäin ziel Stammspiller ze ginn.

Wann e Kand dech freet wat et maache muss fir am Handball Erfolleg ze hunn, wat äntwers du him ?

All Training an all Match 100% ze ginn an esou vill wéi méiglech

maachen fir der Equippe ze hëllefen.

Merci Ojié !