Romu Murera

2
  • Born (age)

Du bass gebuer: den 8. Dezember 1999.

Nationalitéit: Letzeboiesch.

Däin Etat Civil: Single.

Deng Mossen: 1m80 an 75kg.

Liiblingsiessen: sinn net sou komplizéiert mam iessen soulaang ed schmaacht.

Liiblingsgedrénks: Mëllech.

Liiblingsfaarf: Blo

Deng Carrière am Handball : Hunn mat 8 Joer zu Péiteng mam Handball ugefaange an sinn dann mat 13 bei den HBD gewiesselt.

Hues de e Virbild ?

Luc Abalo an den Uwe Gensheimer sinn meng Virbiller an Liiblingsspiller.

Wifill Matcher hues du fir Nationalequipe gespillt ?

Mat der Jugendnationalequipe hunn ech mengen ech iwwer 25 Matcher gespillt.

Firwat hues du mam Handball ugefaange ?

Ech wollt eigentlech Fussball spillen mee déi mécht vun mengen Kollegen hunn mech iwwerzeegt Handball auszeprobéieren an ed huet mea dann awer richteg gefall

Hues du nach eng aner Leidenschaft wei den Handball ?

Spillen nach mega gären Basketball oder mat mengen Kollegen eppes ënnerhuelen.

Däi gréissten Erfolleg ?

Den Doublé mat der U17 ze gewannen.

Deng schéinsten Erënnerung ?

Youth Cup Final 2014 an mäin leschten Youth Cup deen ech 2016 gespillt hunn.

Beréits de eppes ?

Nee.

Wat ass dat wichtegst fir dech am Liewen ?

Famill, Frënn an Gesondheet

Wat bedeit den HBD fir dech ?

Eng grouss Famill mat deier een vill schei Momenter erlieft hunn.

Wat wëlls de no denger aktiver Carrière maachen ?

Hunn nach keen konkreten Plang

Wann e jonke Spiller dech feet wat een maachen muss fir um héchsten Niveau ze spillen, wat äntwers du him ?

Ëmmer um Training sinn an dann sech och mat 110% investéieren fir sou gutt ze ginn wei nemen méiglech