Thierry Hensen

1
  • Born (age)

Interview mam Thierry Hensen:

Du bass gebuer: 29. Juni 1989

Nationalitéit: Lëtzebuerger

Däin Etat Civil: leedeg

Deng Mossen: 1,82 m, 87 Kilo

Deng Carrière am Handball :

Veräin:

1996-2007 HB Diddeleng Jugend

2007-2015 HB Diddeleng 1. Equipe Hären

Nationalequipe

2001-2004 Jugend-Nationalequipen

2007-2015 A-Nationalequipe

Deng sportlech Erfolleger an Auszeechnungen:

2003 „Peter Verjans Toernooi“ zu Beek (Holland) a Wahl zum beschte Golkippe vum Turnéier

2004 Grenzlandpokal, Wahl zum beschte Golkippe vum Turnéier

2005 Wahl zum beschte Golkippe vum Turnéier („Youth-Cup“ zu Diddeleng)

2007 Gewënn vum „Youth-Cup“ zu Diddeleng a Wahl zum beschte Golkippe vum Turnéier

2008 Champion vu Lëtzebuerg (shalalalala!)

2009 Champion vu Lëtzebuerg

2010 3. Plaz am Championnat

2011 Vizemeeschter

2012 Champion vu Lëtzebuerg

2013 Coupegewënner

2015 Champion vu Lëtzebuerg , Coupe Finalist

Wei vill Mätscher hues du fir Nationalequipe gespillt ?

31 Mätcher.

Firwat hues du mam Handball ugefaang ?

1996 huet de Ronny Mauruschatt mech an der Primärschoul agelueden, fir emol op den Handball Training ze kommen. Meng éischt Trainerin bei de Pupilles war d’Rina Breininger, an säit ech deemools e Fouss op den Handball Terrain gesat hat, hunn ech et net méi si gelooss.

Hues du nach eng aner Leidenschaft wei den Handball ?

Meng Kollegen an meng Famill bedeite mir alles. Meng Hobbye sinn Musek, reesen, Sport an Ernährung.

Däi gréissten Erfolleg ?

No menge schlëmme Verletzungen et nees op den Handball Terrain gepackt ze hunn.

Natierlech awer och de Gewënn vum YOUTH CUP 2007, de Champion 2009 zu Berchem an de Champion 2012 zu Esch.

Deng schéinsten Erënnerung ?

All YouthCup Ofschlossfeier, Coupe d’Europ‘en an Tschechien, Mazedonien, Kosovo, zu Lissabon, géint d’Rhein-Neckar Löwen, Mätcher géint Frankräich an der Coque an zu Montbéliard virun 5.000 Leit a méi, Nationalequipe Reesen an Tschechien, Wäissrussland, Portugal a Lettland.

Beréits de eppes ?

Dass ech ze wéineg op mäi Kierper opgepasst a gelauschtert hunn, deelweis falsch trainéiert hunn, an ze oft a mengem Liewen schlechten Traineren ze vill vertraut hunn.

Wat ass dat wichtegst fir dech am Liewen ?

Gesondheet, Famill a Frënn, Sport.

Wat bedeit den HBD fir dech ?

Den HBD ass eng Famill fir mech, mat Menschen a Momenter déi mech fir ëmmer geprägt hunn.

Wat wëlls de no denger aktiver Carrière maachen ?

Ech kann mir nëmme ganz schwéier virstellen, dass ech no menger spillerescher Carrière näischt méi mat Handball ze dinn hunn. Ech hunn den B-Trainer Schäin, mee ech gesinn mech nëmme bedéngt an der Trainer Roll am Moment. Am Hannergrond ze schaffen, Kanner a Jugendlecher e sportleche Wee ze erméiglechen, dat gesinn ech momentan als meng zukünfteg Aufgab a Berufung un.

Wann e jonke Spiller dech freet wat een maachen muss fir um héchsten Niveau ze spillen, wat äntwers du him ?

Hartnäckegkeet an den onbedéngten Wëllen sinn déi zwou Eegeschaften déi een muss hunn, fir et an eng 1. Equipe vum HBD ze packen, oder nach méi wäit. Talent ass näischt ouni deen entspriechend Training, an nëmmen Talent gëtt och NI duer fir et no uewen ze packen.

“Hard work beats talent, if talent doesn’t work hard.”

Villmols Merci Thierry !