Tommy Wirtz

17
  • Born (age)

Interview mam Tommy Wirtz:

 

Du bass gebuer: 18.05.1992

Nationalitéit : Lëtzebuerg

Däin Etat Civil : Leedeg

Deng Mossen : 1,90 m 82kg

Deng Carrière am Handball :

Veräin:

1997 – 2009 HB Diddeleng Jugend

2009 – 2015 HB Diddeleng 1. Equipe Hären

Nationalequipe:

2006 – 2010 Jugendnationalequipe

2011 – 2015 A-Nationalequipe

Wei vill Mätscher hues du fir Nationalequipe gespillt ?

Ongeféier 17 Mätscher

Firwat hues du mam Handball ugefaang ?

Mäin Brudder huet vun Ufank un Basket gespillt. Vu que dass mäin Papp awer Handball-Trainer zu Diddeleng war, hat ech den Choix. Hunn deemools direkt ugefangen mat Handball soubal ech mech an e Club umellen konnt. Mam Caroline Molitor als Trainerin, konnt ech mech direkt fir den Sport begeeschteren an sinn bis elo nach ëmmer dovunner iwwerzeegt den richtegen Choix getraff ze hunn.

Hues du nach eng aner Leidenschaft wei den Handball ?

Ech interesséieren mech nach vill fir American Football. All Sonnden Owend gëtt sech virun t’Télé gesat an den Match vun den New York Giants gekuckt. Ech verbréngen gär Zäit mat mengen Kollegen egal op dat eng sportlech Aktivitéit ass oder och eemol een drénken goen. Eng aner Leidenschaft ass mengem beschten Kolleg, deen DJ ass, bei allem ze hëllefen wou en mech braucht. Dozou gehéiert och heiansdo eng Rees bis an t’Ausland oder bis spéit an t’Nuecht haart Musek ze lauschteren.

Däi gréissten Erfolleg ?

Qualifikatioun mat der Nationalequipe géint Estland. Sech auswäerts géint Profi’en aus der Bundesliga (Patrail, Janimaa, asw) ze behaapten fir sech dann och nach fir déi nächst Ronn ze qualifizéieren, ass definitiv bis haut méi gréissten Erfolleg.

Deng schéinsten Erënnerung ?

Em d’Qualifikatioun mat der Nationalequipe an Estland ze kämpfen an dono zesummen ze feieren. Natierlech erënneren ech mech och nach un mäin éischten Goal mat der 1. Equipe zu Diddeleng géint Dikrech. Mäin éischten Championstitel zu Esch war en Match deen ech ni vergiessen wärt, wei och t’Coupe Finale 2013.

Wat ass dat wichtegst fir dech am Liewen ?

Famill, Frënn, Gesondheet an natierlech den Sport.

Wat bedeit den HBD fir dech ?

Den HBD, besonnesch meng Equipe, ass wei eng Famill fir mech, Ech freeën mech ëmmer Owes an t’Hal ze kommen fir mat mengen Kollegen ze laachen (Ausser wann den Trainer rëm seng Statiounen opbaut). Ausserdeem gëtt et näischt besseres wei mat der Equipe an der Coupe d’Europe ënnerwee ze sinn an nei Erfarungen ze sammelen. Als Ofschloss zesummen mam ganzen HBD den Championstitel ze feieren, ass onbeschreiflech.

Wat wëlls de no denger aktiver Carrière maachen ?

Am léifsten wär ech dann Schoulmeeschter an Trainer vun enger Jugend-Equipe vum HBD . En Ziel vun mir ass et och all Trainerschäiner ze maachen.

Wann e jonke Spiller dech feet wat een maachen muss fir um héchsten Niveau ze spillen, wat äntwers du him ?

Ëmmer um Ball bleiwen! Haarden Training an vill Zäit an enger Hal verbréngen gehéiert dozou wann een eng Kéier um héchsten Niveau spillen well. Mee dat wichtegst ass, dass Handball deng Passioun ass an et dierf een den Spas och ni drun verléieren.

Merci Tommy !