Mär hun dem Zoé e puer Froen gestallt:
Du bass gebuer :
11.Juli 2001
Deng Moossen :
1m65
Liblingsfaarf :
Blo
Liblingsiesse :
Sushi
Liblingsgedrénks :
Keent
Wou gees de an Schoul ?
Lycée Nic Biever Diddeleng
E Frënd ?
Nee
Wat ass däin berufflecht Ziel ?
Spillschoulsjoffer an Trainerin
Wéini hues du mam Handball ugefaange ?
Mat 9 Joer
Firwat Handball ?
Wollt meng kleng Schwëster deemools just op den Training feieren an dann bei den Basket luussen goen, mee dat konnt seng deemoleg Trainerin net zouloossen an huet mer ugebueden bei hinnen matzemaachen.
Säitdeem hunn ech meng Loscht um Handball spillen net verluer.
Libling’s Positioun um Terrain?
Banden an Mëtt
Hues du e Virbild ?
Manon Houette wat zu Metz an an der franséischer Nationalequipe spillt an Stine Oftedal wat fir Norwegen spillt.
Hues de nach aner Hobbyen ?
Eppes mat Frënn ënnerhuelen, an reesen och immens gären
Wat ass bis elo déi gréissten Erfolleg?
3 Platz beim IHF/EHF Women’s Trophy an Bosnien mat der Nationalequipe, all Coupe-an Champions Titelen
Deng schéinsten Erënnerung beim Handball ?
All Erfolleg suergt och fir seng eegen schéin Erënnerung
Wat ass fir dech dat wichtegst am Liewen ?
Famill, Frënn, Handball
Wat stellt den HBD fir dech duer?
En zweet doheem
Wei weit wëlls de am Handball kommen ?
Stammspiller bei den éischten Damen an an der Nationalequipe
Wann e Kand dech freet wat et maache muss fir am Handball Erfolleg ze hunn, wat äntwers du him ?
D’Geheimnis ass ni opzeginn an ëmmer Spaass un deem ze fannen wat een mëscht. Dozou gehéiert awer och Disziplin an ëmmer säin Bescht ze ginn um Terrain. Training ewéi Match, well: „Ohne Fleiß, keinen Preis.“
Merci Zoé !