
Op der Generalversammlung hat de Comité déi grouss Freed fir den Metti, de Marco an Nadine ze éieren.
De Metti ass ganzer 60 Joer schonn Member am HBD, wat eng Leeschtung, an dobäi ass en nach ëmmer aktiv an hëlleft wou ëmmer Nout um Mann ass.
50 Joer ass de Marco schonn Member am HBD an nach ëmmer reegelméisseg op der Tribün ze gesinn wou en eis Equippen uféieren kennt.
Nadine ass no 40 Joer Memberschaft nach ëmmer voll am Asaz als Trainer vun eisen U15 Meedercher.
Felicitatioun an Merci Iech Dräi fir ären Asaz fir eisen Veräin, an dass nach vill Joren dobäi kommen !