
No engem erwaarten spannenden Match gewannen mer schlussendlech mat 32-30 géint den @handballberchem.
No 50min louchen mer mat 6 Goaler fir, mais den HC Berchem huet wei ëmmer bis zum Schluss gekämpft an 2′ virun Schluss stoung et 30-30 mais mir hunn mat vill Wëllen an Leidenschaft konnten déi 2 Punkten zu Diddeleng behalen.
Mat eiser éischter Victoire sinn mer dann och elo an der Saison 20/21 ukomm an sinn hongereg op méi!
EN GROUSSEN MERCI un all d’Leit déi den Wee an den Centre Sportif René Hartmann fonnt hunn an dei mat vill Kaméidi an Getrommels eis no fir gepushed hunn.
HBD e Liewensgefill