CUVÉE SPÉCIALE 1959

CUVÉE SPÉCIALE 1959 post thumbnail image

Et ass e ganz duuschteregt Wieder, dat mir am Moment hunn! Pénktlech fir de Summer ass et gutt waarm an et dierf een erëm zu méi eppes matenee maachen. Fir dat ze feieren, hu mir eis mat eisem Sponsor Maison Viticole Schmit-Fohl zesummegesat a freeën eis, fir Iech haut d’Cuvée Spéciale 1959 ze presentéieren!

19,59€ | Fläsch Cremant “Cuvée Spéciale 1959”
15,00€ | Fläsch Pinot gris “Cuvée Spéciale 1959”

Erfrëscht Iech mat engem gudde Cremant oder Pinot gris an ënnerstëtzt domat gläichzäiteg den HBD a seng Sponsoren.

Bestelle kënnt Dir per Virement. Gitt un, wéi vill Fläschen oder Këschten (jeeweils 6 Fläschen) Wäin an/oder Cremant Dir gär hätt, a schreift och Är Handysnummer derbäi, dass mir un Iech kommen, wann d’Wuer bis do ass.

💳 IBAN LU75 0030 0853 0177 1000

D’Wäiner vun der Maison Viticole Schmit-Fohl fannt dir iwwregens och bei eisem treie Sponsor ROSSI – Vins & Spiritueux!

🔵⚪️