EHF EUROPEAN CUP

EHF EUROPEAN CUP post thumbnail image

Souwuel eis Damme wéi och eis Hären trieden d’nächst Saison am EHF European Cup un. Déi éischt Partië goufen elo ausgeloust an domat ass bekannt, wéi d’Géigner vun eisen Ekippe heeschen.

Eis Häre goufen am éischten Tour géint Raimond Handball Sassari gezunn. D’Ekipp vu Sardinien huet d’Saison 2020/21 mat enger zweeter Plaz an der italienescher Serie A1 ofgeschloss an d’Halleffinall vun der Coupe erreecht. Déi zwee Matcher géint Sassari wäerte viraussiichtlech am September stattfannen.

Eis Damme fänken direkt am zweeten Tour un a goufen do géint de WHC Metalurg aus der nordmazedonescher Haaptstad Skopje gezunn. 2018/19 ass d’Ekipp nordmazedonesche Champion ginn, d’Saison 2020/21 huet se mat enger drëtter Plaz an der Superliga ofgeschloss. Déi zwee Matcher géint Metalurg wäerte viraussiichtlech am Oktober stattfannen.