FRËNDSCHAFTSMATCHER

FRËNDSCHAFTSMATCHER post thumbnail image

Am Kader vun hirer Virbereedung op déi nei Saison hunn eis Dammen- an Härenekippen an de leschte Wochen eng ganz Rei Frëndschaftsmatcher gespillt.

Freides, den 20. August ass et fir béid Ekippe lassgaang. D’Hären hunn doheem den Handball Metz empfaang an dee Match 31-35 verluer. Zäitgläich sinn d’Dammen zu Montigny-lès-Metz ugetrueden. Fir si war et eng Nidderlag vun 33-22.

Direkt den Dag drop sinn d’Hären dann op Tongeren gereest. Dëse Match hu si 34-21 verluer.

De Weekend drop hate béid Ekippen e volle Programm. Fir eis Damme stoung ee Stage zu Reims un, fir dee si zwee Minibusse vun eisem Sponsor Crèche Villa Wonnerland zur Verfügung gestallt kruten. Nieft Trainingsunitéite gouf et hei zwou Partië géint de Reims Champagne Handball. Deen éischte vun deene Matcher ass 23-23 ausgaang, ma wéinst groussem Verletzungspech haten déi Diddelengerinnen den Dag drop keng Chance an hu 24-14 verluer.

Eis Hären iwwerdeems hu samschdes, den 28. August zu Léck géint d’Ekipp vum HC Visé BM gespillt. Dee Match hu si 31-25 verluer. Sonndes si si dann zu Diddeleng géint den VT Zweibrücken-Saarpfalz ugetrueden. Dës Partie konnte si mat engem Resultat vu 35-23 gewannen.

Freides, den 3. September haten eis Dammen hire leschte Preparatiounsmatch, an dat nach eng Kéier géint d’Entente Handball Montigny-lès-Metz. Dës Kéier si si doheem ugetrueden an déi insgesamt ganz schwaach Partie ass 15-19 op en Enn gaang. Den Dag drop hunn eis Damme jo du géint de CHEV Dikrech den FLH SuperCup 2021 gewonn.

Ma och eis Häre ware samschdes nach eng Kéier am Asaz an hunn zu Stroossbuerg hire leschte Preparatiounsmatch 34-22 verluer.