HANDBALL-CAMP

HANDBALL-CAMP post thumbnail image

An Zesummenaarbecht mat THW Kiel Handball-Camps organiséiert den HB Dideleng dëst Joer erëm en Handball-Camp.

Vum 3. bis de 6. November kënnen hei Jonker vun de Joergäng 2004 bis 2014 vun 9:30 bis 16:00 Auer hiren Dag an der Hal verbréngen. Et gëtt zweemol den Dag trainéiert. Am Präis mat dran si Mëttegiessen, Gedrénks an en Trikot.

Fir e Kand unzemellen, schéckt eis de Formulaire (ënnen) ausgefëllt an ënnerschriwwen op den hbdhandballcamp@gmail.com an iwwerweist Äre jeeweilege Betrag bis de 26. Oktober op folgende Kont:

HB DUDELANGE
LU23 0022 1851 2862 5100 (BILLLULL)

HBD – eng grouss Famill

🔵⚪