DE WEEKEND VUM 25.09 – 26.09.

DE WEEKEND VUM 25.09 – 26.09. post thumbnail image

| Samschdeg, 25. September 2021

Den Optakt vum Weekend maachen eis U16-Meedercher. Si spillen dës Saison am franséische Championnat régional Ligue Grand Est de Handball. Hieren éischte Géigner, Metz, empfänke si um 15:45 Auer am Centre Sportif René Hartmann.

Duerno steet da fir eis Dammen den drëtte Spilldag vun der AXA Ligue um Programm. Si spillen doheem géint de Champion Dikrech. Dëse Match ass e CovidCheck-Event.

D’Häre schléissen de Samschdeg da mat hirem Heemmatch géint Miersch of, och fir si ass et den drëtte Spilldag. Och dëse Match ass e CovidCheck-Event.

D’U17-Meedercher hunn e spillfräie Weekend.


| Sonndeg, 26. September 2021

Sonndes um 15:15 Auer geet et fir eis U13 op Maacher. Eis U21-Jonge spillen um 16:00 Auer zu Dikrech.

25.09.21

U16F – Metz Handball
CS René Hartmann, 15:45

1. Dammen – CHEV Dikrech
CS René Hartmann, 18:00

1. Hären – HB Miersch 75
CS René Hartmann, 20:15

26.09.21

HB Museldall – U13
Hall Sportif “Op Flohr”, 15:15

CHEV Dikrech – U21M
Hall Omnisports Dikrech, 16:00