DE WEEKEND VUM 02.10 – 03.10.

DE WEEKEND VUM 02.10 – 03.10. post thumbnail image

| Samschdeg, 2. Oktober 2021

De Weekend fänkt u mam zweete Spilldag vun eisen U16-Meedercher. Si spillen dës Saison am franséische Championnat régional Ligue Grand Est de Handball. De Samschdeg fuere si op Grouss-Hetteng, wou si um 15:30 Auer géint d’Entente Hetteng-Roudemaacher untrieden.

Weider geet et um 16:00 Auer am Centre Sportif René Hartmann, wou eis U13 mixte géint d’Red Boys untrieden.

Géint d’Esperance spillen och eis Hären op hirem fënnefte Spilldag. Dës Partie gëtt um 19:00 Auer zu Rëmeleng ugepaff.

Eis éischt Damme schléissen de Samschdeg da mat hirem Auswäertsmatch géint Bieles of, fir si ass et de véierte Spilldag. Dës Partie fänkt um 20:15 Auer un.

D’U14-Meedercher hunn e spillfräie Weekend. Eis zweet Dammen hu géint den HC Atert Réiden Forfait erkläere missen. Géint eis U17-Jongen huet Rëmeleng Forfait erkläert.


| Sonndeg, 3. Oktober 2021

Sonndes fueren zwou vun eisen Ekippen op Réiden: Um 16:00 Auer trieden eis U17-Meedercher an um 18:00 Auer eis U21-Jonge géint d’Ekipp vun der Atert un.

02.10.21

Entente Hettange-Rodemacker – U16F
Hall Omnisports Grouss-Hetteng, 15:30

U13 – Red Boys Déifferdeng
CS René Hartmann, 16:00

Esperance Rëmeleng – 1. Hären
Centre Sportif Rëmeleng, 19:00


HB Bieles – 1. Dammen
KannerCampus Belval, 20:15

03.10.21

HC Atert Réiden – U17F
Hall Omnisports Réiden-Atert, 16:00

HC Atert Réiden – U21M
Hall Omnisports Réiden-Atert, 18:00