| Samschdeg, 9. Oktober 2021
Mat eisen U17-Jonge fänkt den Handball-Samschdeg un. Si spillen um 15:30 Auer zu Käerjeng.
Eis U16-Meedercher trieden um 15:45 Auer doheem géint d’ASC 2 Vallées Koenigsmacker un.
Owes um 18:00 Auer spillen eis éischt Dammen op hierem fënnefte Spilldag zu Nidderkuer géint d’Red Boys, déi leschte Weekend géint de Champion vun Dikrech gewonn hunn.
De Match vun eisen zweeten Damme géint d’Ekipp vu Schëffleng gouf op e spéideren Datum geréckelt.
Op hierem sechste Spilldag treffen eis Hären op den Handball Esch. Gespillt gëtt um 20:15 Auer am Centre Sportif René Hartmann an eis Dammen invitéieren hei och op hiert Oktoberfest.
| Sonndeg, 10. Oktober 2021
Sonndes um 15:00 Auer trieden eis U14-Meedercher zu Péiteng un.
Um 16:00 Auer spillen eis U17-Meedercher doheem géint de CHEV Dikrech.
Eis U21-Jonge schléissen de Weekend of. Si spillen um 18:00 Auer zu Diddeleng géint Esch.
09.10.21 HB Käerjeng – U17M
Centre Sportif “Um Dribbel”, 15:30 U16F – ASC 2 Vallées Koenigsmacker
Centre Sportif René Hartmann, 15:45 Red Boys Déifferdeng – 1. Dammen
Jongeschoul Nidderkuer, 18:00 1. Hären – HB Esch
Centre Sportif René Hartmann, 20:15
10.10.21 HB Péiteng – U14F
Centre Sportif Bim Diederich, 15:00 U17F – CHEV Dikrech
Centre Sportif René Hartmann, 16:00 U21M – HB Esch
Centre Sportif René Hartmann, 18:00