+++ TRAUREG NOUVELLE +++

+++ TRAUREG NOUVELLE +++ post thumbnail image

Mir traueren ëm eise fréiere Spiller Malvin Patzack, deen eis no engem trageschen Accident am Alter vun nëmmen 31 Joer verlooss huet.

De Malvin ass am Januar 2014 bei den HBD gewiesselt

 an huet mat enger Saison Ënnerbriechung bis Enn 2018 bei eis gespillt. 

2015 ass hie mat Diddeleng Champion ginn.



No senger Zäit beim HBD huet et hien an d’Schwäiz gezunn.


 Ma och no sengem Depart huet de Malvin sech reegelméisseg bei senge fréiere Kollegen hei am Land

 gemellt an och ëmmer erëm de Wee op Lëtzebuerg fonnt.




Seng Liewensfreed a seng positiv Aart a Weis waren ustiechend an hunn eis méi ewéi eng Kéier matgerappt.

Mir drécken dem Malvin senger Famill eist déifste Matgefill aus.

D’Trauerfeier ass den 23. Oktober zu Bremen an d’Famill huet an der Annonce dozou opgeruff, gär och am Trikot deelzehuelen. Wien net bis an Däitschland reese kann, huet d’Méiglechkeet, dem Malvin iwwert e YouTube-Stream vun der Trauerfeier déi lescht Éier z’erweisen.

🔵⚪️